Luxembourg Space Agency huet e Mëttwoch déi 6. "NewSpace Europe" am Tramschapp um Lampertsbierg organiséiert.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng 80 Entreprisen an Agencen, déi sech mam Sujet Weltall befaassen. 1.400 Mënsche schaffen an deem Domaine. Op der Konferenz vun der Luxembourg Space Agency konnte sech e Mëttwoch Interesséierter aus dem Secteur a vun Entreprisen, déi mam Secteur zesummeschaffen, austauschen. Eng 300 Participantë goufen op der Plaz erwaart.

Luxembourg Space Agency - Reportage vum Diana Hoffmann

Den neie Wirtschaftsminister Lex Delles huet op der Ouverturesried betount, dass et dorëm géing goen, d’Erausfuerderunge fir d’Zukunft ze detektéieren a weider proaktiv Betriber op Lëtzebuerg ze kréien.

Zu dësem Ulass war e Mëttwoch de Moien den Direkter vun der Luxembourg Space Agency (LSA), de Marc Serres am RTL-Interview.

Här Serres, wat sinn d’Aktivitéite vun den Entreprisen, déi am Domaine vum Weltall schaffen?

Dat ass relativ breet. Ech géing soen d’Hallschent benotzt Informatiounen oder Infrastrukture fir Servicer z'offréieren. E Beispill ass de Secteur Maritim, wou een d’Schëffer detektéiert a suivéiert. Aner Entreprisë baue Saachen, déi fléien. Mer hunn eng Firma zu Lëtzebuerg, déi Satellitte baut. Oder eng déi Equipementer entwéckelt, déi um Buedem bleiwe fir mat de Satellitten ze kommunizéieren.

D’Technologie géing och am Kampf géint de Klimawandel kënnen agesat sinn. Kënnt der dat erklären?   

D’Biller vun de Satellitte si voller Informatiounen, déi kënne benotzt ginn, fir Evaluatiounen ze maachen. Haaptsächlech Monitoring, fir ze verstoen, wat geschitt. E gutt Beispill ass d’Meteorologie. Ouni Satellittebiller wier et onméiglech déi Previsiounen ze hunn, déi mer haut maachen. 

Wat genee ass Space-mining, also d’Ressourcë-Verwäertung aus dem Weltall, a wou genee steet Lëtzebuerg?

Dat ass en Element vun eiser Strategie, déi a long term ze gesinn ass. Mir erwaarden eis elo net, dass dat direkt en Impakt huet op eis Approche vun ekonomescher Diversitéit. Mee villäicht a 15, 20 oder 25 Joer. Dat ass e Beräich, wou mir iwwerzeegt sinn, dass dee sech entwéckelt an nei ekonomesch Aktivitéite wäert bréngen.

Eigentlech ass de Mining awer just e klengen Deel vun der Approche. Eist Zil ass ze weisen, dass een déi Ressourcen och kann nëtzlech am Weltall benotze fir aner Aktivitéiten. Wou mer gesinn, dass sech vill entwéckelt ass Ressourcë vum Mound ze benotzen, fir dorausser Carburant ze produzéieren. Dësen kann dann an der Logistik am Space genotzt ginn, fir ebe Rakéiten oder Satellitten, déi vun der Äerd bis op de Mount fléien, an da weider.

Wat sinn den Ament déi Voleten, fir déi am meeschten investéiert gëtt?

E Fil rouge ass d’Durabilitéit. Alles wat mer wëllen entwéckelen, soll dat ënnerstëtzen. Dat heescht, mer wëllen Entreprisen hunn, déi selbststänneg sinn an net nëmme vun ëffentleche Gelder liewen.

Mir wëllen och de Spartial fir Elementer op der Äerd benotzen. Agrikultur ass hei en einfacht Beispill. Déi kann een optimiséieren an den Impakt op d’Ëmwelt minimiséieren.

En aneren "Hot topic" ass de Volet Durabilitéit am Weltall. Mir hunn ëmmer méi Satellitten do uewen. An do ginn et ëmmer méi Debrisen. Iwwert déi lescht 5 Joer hu mer gesinn, dass ëmmer méi Aläerte komm si wéinst Risk vu Kollisiounen. Dat ass en Thema wou mer musse vill maachen. Dat heescht Innovatioun bei den Entreprisen, eventuell och Regulatioun fir d’Länner.