D'DP-Politikerin hat an der Emissioun "Riicht eraus" op Apart TV op eng Aart a Weis iwwer Heescherte geschwat, déi fir vill Opreegung gesuergt huet.

Déi Stater Sozialisten zum Beispill schwätze vu Falschaussoen a vu Rassismus.

Ënner anerem huet si spezifesch d'Communautéit vun de Sinti a Roma ugeschwat a sot och, si géing den Heescherte kee Su ginn, mä se fidderen. Op sozialen Netzwierker entschëllegt d'Simone Beissel sech en Dënschdeg de Mëtteg fir hir Aussoen. Dës wieren am Toun wéi och am Choix vun de Wierder deplacéiert gewiescht.

D'Dignitéit vun all Mënsch, de respektvollen Ëmgang mateneen an den Engagement fir déi Vulnerabelst, dat wiere Valeuren, déi si géing deelen.

D'Simone Beissel ass e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 d'Invitée vun der Redaktioun op RTL Radio.