CSV Partei-Leedung hat klärend Gespréich mam Marc Lies
© Laurent Weber
E Post an d'Reaktioun vum Député-maire Marc Lies huet rezent fir Diskussioune gesuergt. Et gouf Kritik vum fréieren Ausseminister an e klärend Gespréich.
RTL krut op Nofro eng schrëftlech Stellungnam vun der CSV-Parteileedung. Do heescht et ënnert anerem:
"Dem Marc Lies seng Aussoen zu der Flüchtlingspolitik vun deene leschte Joren sinn seng eegen a reflektéieren net déi vun der CSV. D’CSV Partei-Leedung huet deementspriechend och e klärend Gespréich mam Marc Lies gefouert. Hien huet der Partei Leedung confirméiert dass seng onglécklech Ausso zur Dot zu Hesper kee Lien mat der Flüchtlingspolitik sollt hunn."
Wat war geschitt?
E Bierger vun Hesper hat sech an engem Post op Facebook doriwwer beschwéiert, dass a säin Héngerstall agebrach gouf, a 5 Hénger de Kapp erofgeschloe kruten. D'Police huet eng Enquête opgemaach. De Post krut eng Rei Reaktiounen an esou huet och de Buergermeeschter Marc Lies drop reagéiert. A Folgendes geschriwwen:
© Screenshot Facebook
Vill Reaktiounen op Ausso
De fréieren Ausseminister Jean Asselborn huet och iwwer Facebook Stellung geholl a kritiséiert d'Aussoe vum CSV-Politiker schaarf. Esou schreift den LSAP-Politiker: "Flüchtlinge verdächtegen, dass se Hingerdéif sinn....dat muss een hikréien."
Och de Generalsekretär vun der LSAP huet sech rosen an erféiert gewisen. Op Facebook schreift hie vun enger geféierlecher Polemik.
De fréieren Deputéierte vun Déi Gréng, Marc Hansen schreift vun engem "Amalgam" dee Rietspopulismus vun éischter Klass wier a freet: "Ass dat déi nei CSV?"
Den Deputéierte vun der ADR Tom Weidig ass der Meenung, datt an dësem Fall nees e Politiker géing "monddoud" gemaach ginn. Hie gesäit et sengem Post als evident un, datt dem Jean Asselborn seng "Laissez-faire oppe Grenzen Asylpolitik" och sozial Probleemer a Kriminalitéit importéiert hätt.
.