Net "just meckeren", mä "eng Hand mat upaken"

© RTL
Nom sportleche Succès huet de Ben Polidori et no 3 Joer an der Piratepartei an d'Chamber gepackt. Zanter 5 Méint ass hie lo Deputéierten.
Zu Diddeleng opgewuess, huet de Pirat jorelaang am Süde Futtball gespillt. Wärend senger aktiver Karriär huet de sechsfachen U21-Nationalspiller mam F91 Diddeleng zweemol de Championstitel gewonnen. D'Futtballschong hänken haut awer am Schaf. Am Fokus sti fir de Ben Polidori haut seng Famill an déi national Politik.
Zanter 5 Méint sëtzt de 34 Joer ale Papp elo fir d'Piratepartei an der Chamber. An d'Politik ass de fréiere Futtballspiller gaangen, well fir hien an de leschte Joren net ëmmer alles gelaf ass, wéi hie sech dat virgestallt hätt. Amplaz "ëmmer just ze meckeren", huet de Ben Polidori sech dofir entscheet, an der Politik "eng Hand mat unzepaken", fir eppes ze änneren. Bei de Piraten huet hien dunn déi Partei fonnt, déi seng Wäerter am beschte vertrëtt. Mam Antrëtt an d'Partei hat hien awer net domat gerechent, eng Kéier "an der éischter Rei" ze stoen. Seng Kandidature bei de Gemengen- an Nationalwalen hunn awer gewisen, wéi vill Vertrauen d'Mënschen an hien hunn.
Educatioun a Famill als politesch Prioritéiten
Déi éischt Deeg an der Chamber "waren immens interessant". Et kéint ee sech d'Aarbecht vun engem Deputéierte schwéier virstellen an et wier all Dag eppes Neies. Geléiert huet de Ben Polidori an de 5 Méint als Deputéierten, datt och d'Zesummeschaffe mat den anere Parteien immens wichteg ass. "Et schafft een am Endeffekt fir d'Leit dobaussen an och do ass et wichteg, wann eng aner Partei mol eng gutt Iddi mat erabréngt, déi z'ënnerstëtzen." Et misst een awer och fir seng eege Positioun astoen, wann engem eng Iddi net gefält an och seng eege Propose maachen.
D'politesch Prioritéite vum Pirat leie virun allem bei der Educatioun an der Famill, als Informatiker awer och bei der Digitalisatioun. Virun allem an der Kënschtlecher Intelligenz gesäit de Politiker e groussen Avantage, deen awer och Gefore mat sech bréngt. "Mir mussen dat mat den néidege Gedankespréng ugoen an da mengen ech, kann ee mat der Kënschtlecher Intelligenz ganz flott a ganz interessant Saachen déi nächst Zäit maachen."

Um Walowend an der Walzentral vun de Piraten. / © RTL Archiv
Dem Ben Polidori säin Zil fir déi nächst 5 Joer ass et, "de Leit nozelauschteren, hir Problemer ze verstoen an déi och mat an d'Chamber ze huelen, fir driwwer ze diskutéieren". Als Nord-Deputéierte läit säi Fokus kloer bei de Mënschen aus dem Norde vum Land. Fir ebe fir seng Wieler do ze sinn a sech op säin aktuellt Mandat ze konzentréieren, huet de Pirat sech géint eng Kandidatur bei den Europawalen decidéiert. "Fir mech perséinlech war et wichteg, dass d'Leit, déi mech elo am Oktober gewielt hunn, och kënnen zu 100% déi nächst 5 Joer op mech zielen." Donieft wier et awer och e familiäre Choix gewiescht.
"Holperege Start" fir nei Regierung
Déi éischt Méint vun der CSV-DP-Regierung beschreift de Ben Polidori als "en holperege Start". Engersäits wiere schonn ze vill "Klengegkeete" geschitt. Anerersäits hätte verschidde Ministeren deels kee gutt Bild ofginn. Virun allem d'Heescheverbuet hätt net zu engem "gesonde Start" vun der Regierung bäigedroen. Et wier keng Politik fir déi sozial Schwaach, keng déi "deene Leit hei am Land hëlleft, déi et am néidegste brauchen".
Nieft dem Futtball war d'Informatik schonn ëmmer dem Ben Polidori seng Leidenschaft. Op d'Fro, ob him seng al Aarbecht bei der Post géing feelen, sot den Informatiker, "natierlech géing ech léien, wann ech géing soen, 'ech vermëssen dat net heiansdo'". Hien hätt e gudde Betrib an eng super Ekipp mat enger Aarbecht, déi hien "net just gemaach" huet, "fir ze schaffen", verlooss. Mä hien hätt de Choix geholl, sech komplett op d'Politik ze konzentréieren, an dee géing hien och "assuméieren".

Visitt vum Schéissstand am Bleesdall / © Armée luxembourgeois
Familljeliewen ënnert een Hutt kréien
Och de Spagat tëscht Famill a Chamber wier "net ëmmer einfach". Et gi keng fix Auerzäiten an all Dag ass anescht. Nieft der Chamber kommen ausserdeem Meetingen a Kongresser baussent den Aarbechtszäit dobäi. "Et wëll ee gär do sinn, et wëll ee gär mat de Leit sech austauschen. Dat ass eben och heiansdo no den Aarbechtszäiten. An do ass et wichteg, dass d’Familljeliewe gutt zesumme spillt."Ma mat deem richtege Partner un der Säit an engem "gesonden a gudden Zesummespill tëscht deenen zwee Partner", géing d’Familljeliewen awer gutt funktionéieren. Den Deputéierten, dee "virdrun éischter méi fréi schaffe gaangen" ass, fir fréi doheem ze sinn, géing sech am Moment zum Beispill esou organiséieren, datt hie "méi moies doheem" ass. Esou huet hien Zäit moies nach mat sengem Meedchen z'iessen an hatt dono an d'Schoul ze féieren, éier hie schaffe geet.
Nieft Sport, wéi lafen oder an de Fitness goen, sinn et ebe grad seng Fra a säi Kand, déi hien op aner Gedanke bréngen an him de Stress huelen.
