Fir déi véierte Kéier gëtt de "Bauerenhaff an der Stad" ronderëm d'Gelle Fra organiséiert.

Am Joer 2017 war et déi éischten Editioun. D'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere si fir d'Organisatioun vun dësem Event responsabel.

Extrait Charel Ferring
De President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren iwwert de Bauerenhaff an der Stad.

"Mir als Jongbauere maachen eis ganz vill Gedanken, wéi mer de Konsumenten eis Aarbecht an och eis Liewensmëttelproduktioun erkläre kënnen. An dat geet am beschten, wa mer se invitéieren op den Haff. Do ginn ech eng ganz Partie Initiativen, déi mir och hunn. Zum Beispill och eis Image-Campagne 'Fro de Bauer', wou mer och an d'Schoulklasse ginn an do de Kanner eis Aarbecht erklären. Och kombinéiert mat Visitten, um Bauerenhaff. Et ass awer esou, dass et an der Stad ganz schwéier ass, och fir d'Kanner op d'Betriber ze kréien, et ass wäit ze fueren an och insgesamt fir d'Konsumenten an der Stad jo eis Aarbecht ze weisen. Dofir hu mir et geduecht: 'Gutt, da brénge mir de Bauerenhaff an d'Stad'. An et ass awer déi véiert Editioun an déi lescht Editiounen hunn eis Recht ginn, datt de Besoin do ass, datt den Erfolleg do ass. An och haut de Moie sinn eng ganz Partie Leit hei gewiescht mat de Kanner, déi natierlech vun den Déiere faszinéiert waren, wou mer nach eng Kéier eng Kou geheemelt hunn oder eng Geess vun no gesinn hunn. An dat ass einfach dat schéinst hei."

Vu moies 10 Auer bis owes 18 Auer kann een op enger Surface vu 5.000 Quadratmeter d'Vilfalt vun de Lëtzebuerger Betriber entdecken. Ganz vill Déiere kann een an der Stad gesinn. Vun der Mëllechkou, iwwer Geesse bis hin zu Schof. Och Maschinne gëtt et ze bewonneren. Därer vu fréier a vun haut. Do dernieft gëtt et e flotte Parcours mat Traktere fir Kanner.

"De Bauerenhaff an der Stad" leeft nach bis e Sonndeg.