Pontonsbréck nees gefléckt a fir Foussgänger op

© RTL
Ronn dräi Wochen, nodeems se duerch d'Héichwaasser zerstéiert gouf, ass d'Ersatzbréck elo rëm accessibel.
Zanter ronn zwee Méint ass d'Ficellesbréck zu Dikrech zou. Dat well déi markant Kabelen, déi der Bréck, déi hannert der Dikrecher Märei de Park mam Quartier Sauerwiss verbannen, hiren Numm ginn, verrascht sinn an ze räissen dreeën. D'Sanéierungsaarbechte sollen de Ponts et chaussées no op d'mannst ee Joer daueren a réischt d'nächst Joer ufänken.
Well all Dag vill Schüler iwwert d'Bréck ginn, fir an d'Schoulen um Campus Merten ze kommen, huet déi Dikrecher Gemeng drop gehalen, datt eng Alternativ en place gesat gëtt. Ufank Mee ass dann och eng Pontonsbréck direkt nieft der Ficellesbréck opgaangen.
Ma just déck zwou Woche méi spéit gouf se duerch d'Héichwaasser zerstéiert. Elo ass d'Bréck awer nees gefleckt a fir d'Foussgänger accessibel. Vun de Gemengeresponsabelen ass ze héieren, datt d'Pontonsbréck no enger gewësser Zäit duerch ee méi zolitte Provisorium, änlech wéi deen, deen et no engem Äerdrutsch wärend laange Joren op der N27 tëscht Ierpeldeng a Méchela gouf, ersat soll ginn. Et wéilt een zudeem bei der Transportministesch Yuriko Backes ufroen, ob et net méiglech wier, déi aktuell Ficellesbréck ewechzerappen an duerch ee ganz neit Bauwierk ze ersetzen.

© RTL