De Ben Polidori trëtt bei de Piraten aus
Eclat bei de Piraten, nëmme kuerz ier d'politesch Sensibilitéit e Méindeg de Mëtteg hire Bilan mécht.
Mam Ben Polidori zitt sech ee vun den dräi gewielte Piraten-Deputéierte "mat effet immédiat" zeréck an trëtt aus der Partei aus.
D'Grënn fir de Récktrëtt wieren am Fonctionnement vun der Partei ze sichen, sou de Ben Polidori, deen eréischt bei de leschte Chamberwale fir d'Piraten am Norde säi Sëtz um Krautmaart krut.
Wéi de Ben Polidori a sengem Demissiounsschreiwes preziséiert, wieren et an der klenger parlamentarescher Ekipp Divergenze ginn, wéi d'Gestioun an d'Decisioune solle geholl ginn. Dëst hätt zu engem onstabelen an konfliktuelle Klima gefouert.
Transparenz a participativ Demokratie géifen et keng méi bei de Pirate ginn, sou de Ben Polidori, deen als onofhängegen Deputéierte wëll an Zukunft an der Chamber bleiwen. Deemno wieren d'Piraten an Zukunft nëmmen nach mat den Deputéierte Clement a Goergen vertrueden, sou wéi et och an der leschter Legislaturperiod de Fall war.
De Ben Polidori huet op RTL-Nofro hin erkläert, wat den Punkt war, deen zu dëser Decisioun gefouert huet. "Ech sinn an dës Partei komm, wéinst haaptsächlech de Wäerter, déi d'Partei huet, och haaptsächlech wéinst dem Här Clement, deen awer verschidde Wäerter vertrëtt no baussen. A wéi ech lo wierklech dra war an och wierklech déi ganz Zäit dra geschafft hunn, hunn ech mech net méi mat där selwechter Konstellatioun erëmfonnt, wéi ech mer dat wierklech erhoffen. An ech konnt meng Wäerter net méi esou duerchsetzen, wéi ech mer dat vu vir ran erwënscht hat."
Bei de Walen am Hierscht konnten d'Pirate sech duerch d'Stëmme fir de Ben Polidori en drëtte Sëtz a 6,7 Prozent vun de globale Votte sécheren. Am Norde war den 34 Joer ale Politiker mat enge 4.800 Stëmmen op d'éischt Plaz vun der Pirate-Lëscht gewielt ginn, dat virum Emir Badic an dem Céline Achhammer.
De Ben Polidori ass iwwerdeems och Conseiller am Viichtener Gemengerot.
De Sven Clement an den Marc Goergen reagéieren
Mat der Annonce e Méindeg hätt de Ben Polidori seng Partei-Kolleegen zimmlech kal erwëscht. Just eng Stonn virdru wier hien dovunner gewuer ginn an dat mol net vum Ben Polidori selwer, huet de Sven Clement um Fraktiounsiessen an der Mëttesstonn erkläert. Et wier een traureg iwwert déi Decisioun, esou de Marc Goergen. Et wier effektiv bei der Gouvernance vun der Partei an der Vergaangenheet net alles riicht gelaf, mee amplaz d'Partei einfach ze verloossen, hätt hien, wei och vill anerer, mat gehollef d'Parteistatutten ze iwwerschaffen.
De Coordinateur vun der Partei Marc Goergen kann d'Onzefriddenheet vum Nord-Deputéierten zwar deels novollzéien, seng Reaktioun par Konter net. "En huet a sengem Communiqué zu Recht geschriwwen, datt eis Wäerter, déi mer eigentlech als Partei vertrieden, an der leschter Zäit net alleguerten esou wouergeholl gi sinn, wéi et sollt sinn. Do kann een dann entweder de Wee wielen, datt ee seet, ech ginn oder et wielt een dee Wee, deen awer eng breet Majoritéit gewielt huet, och ech, fir ze soen, mir änneren et. Mir maache nei Statutten, mir änneren an der Partei alles, wat déi Jore virdru vläicht net optimal gelaf ass."
Et wéilt een net am Schlechten auserneegoen. Elo géing et dorëms goen, dat, wat an deene leschte Méint zesummegewuess ass, rëm ze entflechten. D'Decisioun hätt och een Impakt op d'Mataarbechter vun der Sensibilité politique, well an Zukunft een Drëttel vum Budget feele wäert.
Elo missten d'Gremie vun der Partei zesummekommen, fir doriwwer ze beroden, wei et elo viru goe wäert. De Marc Goergen an de Sven Clement hunn dann nach ze bedenke ginn, datt een ee Mandat ëmmer nëmme mat Hëllef vun enger Partei kritt. Et wier awer natierlech kloer, datt een de Ben Polidori net derzou zwénge kéint, der Partei d'Mandat zeréckzeginn. Ma et wier awer méi propper, deem Nächstgewielten de Wee fräizemaachen, fir datt deen d'Chance kritt, vläicht dat besser ze maachen, wat engem selwer net gelongen ass.