Nodeems 60 Milliounen Euro detournéiert goufen, soll eng Auditfirma der Caritas hëllefen, Feeler an hirem Management-System erauszefannen.

Nom Millioune-Bedruch bei der Caritas mellt d'Fondatioun sech en Dënschdeg selwer zu Wuert. Wéi d'Caritas matdeelt, hätt een elo dräi Prioritéiten definéiert: Déi 500 Leit vum Personal ze berouegen, d'Defaillancen ze verstoen, déi dozou gefouert hunn, datt 61 Milliounen Euro konnte verschwannen, a séier op d'Besoine vun der Vereenegung anzegoen.

An engem Schreiwes heescht et, datt déi éischt Prioritéit beim Personal géif leien, grad ewéi bei den Aktivitéite fir defavoriséiert Leit. Fir d'Caritas-Employéeë besteet och d'Offer vun engem psychologeschen Appui.

Eng Auditfirma hëlleft der Caritas aktuell, fir d'Faillë vun hirem finanzielle Management-System erauszefannen an d'Prozeduren z'iwwerpréiwen. Sou goufen et nieft Virementen, déi vu Konten an aus de Reserve vun der Caritas gespeist goufen, och Kreditlinne vun iwwer 30 Milliounen Euro, déi detournéiert goufen - also Suen, déi d'Caritas guer net hat.

Mat de Banken an der Regierung sinn aktuell Verhandlungen amgaangen, fir d'Caritas virum Aus ze retten an d'Paie vun de Mataarbechter ze garantéieren. Dës Hëllefe ginn e Mëttwoch am Regierungsrot diskutéiert a wäerten och an der Chamberkommissioun zur Sprooch kommen. Nieft dem Premier Frieden wäerten och d'Ministere Roth, Hahn a Meisch un der Kommissioun deelhuelen.

Eng Persoun, déi am Viséier vun der Enquête stoung, huet sech e Méindeg bei der der Police judicaire presentéiert. Déi héichplacéiert Mataarbechterin vu Caritas Lëtzebuerg gouf ugeklot an ënner Hausarrest gesat.

Caritas Gouvernance / Reportage Michèle Sinner