Am Kader vun der Verontreiung vu Gelder bei der Caritas huet sech elo erauskristalliséiert, wéi dës kéint ofgelaf sinn, sou de Parquet an engem Communiqué.

An deem Kader goufe jo schonn Ermëttlunge géint "Onbekannt" ageleet.

Am Allgemenge besteet de "Presidente-Bedruch" (Arnaque au président ) doranner, e Mataarbechter, deen an der Struktur berechtegt ass, Iwwerweisungen ze maachen, an d'Fal ze lackelen, mam Zil, falsch Rechnungen ze bezuelen oder eng net-autoriséiert Iwwerweisung ze maachen.

Déi Onéierlech gi sech iwwer Telefon oder E-Mail als Manager oder Vertriedung vum Management vun der Firma aus a fuerdert eng dréngend international Iwwerweisung, meeschtens op Bankkonten am Ausland. Hei kann de Mataarbechter, deen hannert d'Liicht gefouert gëtt, souguer dozou opgefuerdert ginn, déi normal Prozeduren, fir Gelder ze deblockéieren, net anzehalen, dat wéinst enger presuméierter aussergewéinlecher Operatioun, respektiv geheimer Missioun wéi zum Beispill eng Steierpréiwung, eng Fusioun oder eng imaginär Acquisitioun.

D’Instruktioun beim Parquet ass da weiderhin amgaang. Et gëllt, wéi ëmmer, bis zum Schluss d'Onscholdsvermuddung.

Wéi gesäit et mat de Responsabilitéiten aus?

Déi Haapttäter sinn zwar déi Onéierlech. Ma fir déi geklaut Suen erëmzefannen, gëtt schwéier respektiv onméiglech, mengt ënnert anerem den Affekot Jean-Jacques Schonckert. A sengen Ae kéint d'Caritas dowéinst probéieren, bei anere Suen zeréckzezéien. En Deel Responsabilitéit kéint d'Direktioun vun der Caritas droen. Och wann de Presidenten-Trick jidderengem kéint geschéien.

"Dat schützt déi Leit awer net, dass se eventuell an Haft geholl kéinte ginn. Dat ka si eventuell och d'Plaz kaschten, well et eng Faute grave ass. Mä ob dat dann elo zivilrechtlech Konsequenze mat sech zitt, dat sief dohi gestallt. Ech mengen, dat sinn elo op alle Fall net déi, déi an déi gréisst Verantwortung geholl ginn, mä si hunn och hiren Deel dozou bäigedroen. An hei muss jidderee sech hannerfroen."

Dem Jean-Jacques Schonckert no missten awer besonnesch d'Banke sech hannerfroen.

"Mat all hire Compliance-Strukturen, déi si hunn, wou si soen, dass si hunn, wéi ass dat méiglech? An dat ass déi Fro, déi sech muss gestallt ginn, dass esou e Virement an esou kuerzen Ofstänn kéinte gemaach ginn, fir en net novollzéibaren Zweck. An ech mengen, dat ass och eng vun de Masche vun deene Leit, fir dat gutt of ze cibléieren, mä wéi gesot, eleng bréngt se dat och net fäerdeg."

Wéi eng Verantwortung d'Banken hunn, huet de Jean-Marc Sturm bei der Bankenassociatioun ABBL nogefrot. Den Detail fannt Dir an eisem Artikel.

Ministesch-Reunioun iwwer Sujet "Caritas"

De Premier Luc Frieden huet sech mam Kooperatiounsminister Xavier Bettel, dem Educatiounsminister Claude Meisch, dem Familljeminister Max Hahn, dem Finanzminister Gilles Roth an der Gesondheetsministesch Martine Deprez iwwert de Sujet Caritas ausgetosch.

Diskutéiert ginn, wier iwwert "déi verschidden Optioune fir d’Aktivitéite vun der ONG am Optrag vum Staat weiderzeféieren", esou heescht et an engem Schreiwes aus dem Staatsministère vun e Méindeg den Owend.
Dofir gouf elo e Comité aus héije Beamten agesat, fir verschidde rechtlech a praktesch Froen ze klären.
Eng nächst Reunioun zu deem Thema soll et d’nächst Woch ginn.

Zwou nei Entitéite bannent der ONG

D’Caritas selwer huet sech en Dënschdeg de Moien zu Wuert gemellt, a schreift, dass den aktuelle Krise-Comité ënnert der Leedung vum Christian Billon decidéiert huet, zwou nei Entitéite bannent der ONG ze kreéieren. Engersäits eng fir den Ensembel vu sämtlechen nationalen Aktivitéiten an anerersäits eng Entitéit fir alles, wat déi international Kooperatioun ugeet. Déi genee Modalitéite sollen an de nächsten Deeg definéiert ginn.

Sou kéinte vu September un d’Aktivitéite vun der Caritas nees normal lafen, wärenddeem natierlech déi intern Investigatioune weiderginn.

Et stéing een och weider a Kontakt mat der Regierung. Et gëtt dann och präziséiert, dass d’Paie vum Mount August fir all d’Caritas-Salariéeë garantéiert wieren.