Den internationale Kommitee fir d'Rechter vun de Kanner wëll e spezifesche Fall préiwen, vun enger syrescher Famill.

Muss déi syresch Famill zeréck a Griichenland oder net?

D'Famill huet hei zu Lëtzebuerg Schutz gefrot. 2019 ass d'Famill zu Lëtzebuerg ukomm, nodeems se zwee Joer a Griichenland waren an och do de Statut vun der protection internationale kruten. Op Grond dovu krute se hei am Land och e Refus. Kuerz drop huet d'Fra hiert sechst Kand hei zu Lëtzebuerg krut. Dëst hat de Statut als Refugié net a Griichenland, dofir hunn d'Elteren am Februar 2020 hei am Land eng Demande gemaach.

"Do muss ee rappelléieren, datt d'Elteren eng Openthaltsgeneemegung a Griichenland hunn. Mir hu gekuckt wat de Risk fir d'Kand a Griichenland ass. Et ass du fir d'Kand, wat zu Lëtzebuerg gebuer ass, zu engem Refus komm, well et a Griichenland eigentlech näischt riskéiert", sou den Alain Bliss vum Inneministère.
 
D'Marion Dubois, Directrice vun der ASBL Passerell, déi sech fir d'Rechter vu Refugiéen asetzt, betount, dass d'Famill eng Plainte gemaach huet, wéinst der Manéier, wéi de Kanner hir Asyldemande vun de Lëtzebuerger Autoritéiten traitéiert gi sinn. "Nieft de schreckleche Konditiounen a Griichenland am Risk, dass d'Famill zréck muss, si mir virun allem besuergt, dass d'Kanner wärend der Prozedur net gehéiert goufen. D'Elteren an d'Kanner hätte puer mol Demandë gemaach fir gehéiert ze ginn an iwwert hir Problemer a Syrien an a Griichenland ze schwätzen."

Den Alain Bliss erkläert: "Do ass ze präziséieren, dass d'Demandë vun den Eltere gemaach gouf fir all d'Kanner. Et ass also un den Elteren all d'Elementer virzedroen. Vum Gesetz ass et virgesinn, dass d'Eltere musse gehéiert ginn, mee an dësem Kontext mussen d'Kanner net gehéiert ginn." 
 
D'Plainte soll elo am Fong analyséiert ginn. Soulaang läit d'Decisioun fir d'Famill zréck a Griichenland ze schécken op Äis. D'Asbl Passerell behält den Dossier weider am Aen a betount nach, dass d'Situatioun fir Refugiéeën a Griichenland immens prekär wier an de Statut net forcement mat sech bréngt, dass de Leit a virun allem de Kanner hir Rechter garantéiert sinn.