D'Piratepartei fält weider auserneen
Steven Curfs a Vincenzo Turcarelli hu Parteikaart ofginn

Allenzwee soe se, si kéinte sech net méi mat der Partei identifizéieren a se wieren net méi averstanen, wéi d'Partei geleet gëtt.
Nodeems et an der Lescht jo ferm intern Streidereien an der Parteileedung gouf, virun allem tëscht den zwee Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen, verloossen elo och zwee Gemengeconseilleren d'Partei.
De Steven Curfs, aktuelle Conseiller zu Monnerech, hat iwwert de Weekend scho wësse gedoen, dass hien aus de Piraten ausgetrueden ass an elo als onofhängege Conseiller siegéiert.
E Sonndeg den Owend huet de Vincenzo Turcarelli et him gläich gemaach. De Bis-ewell-Pirat aus dem Gemengerot zu Käerjeng huet seng Parteikaart och ofginn.
Am meeschte gelies