Déi zweet Bio-Woch fänkt e Freideg aacht Deeg un, organiséiert vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft an Zesummenaarbecht mam Landwirtschaftsministère.

Bei dëser Sensibiliséierungscampagne maachen 146 Biobetriber, Supermarchéen, Restauranten a soss Partner mat.

Zweet Bio-Woch / Reportage Dany Rasqué

D'Konsumente solle mat där Campagne d'Bioproduzenten, hir Passioun fir hire Beruff an d'Qualitéit vun hire Produite méi no bruecht kréien, ënner anerem mat enger Rei Porte-Ouverten a verschiddene Betriber. D'Daniela Noesen vun der der Biovereenegung ënnersträicht, datt d'Biolandwirtschaft e Bestanddeel zu Lëtzebuerg ass, op deen een net ka verzichten.

"D'Biolandwirtschaft produzéiert jo net nëmme gesond Liewensmëttel, si schount och eis limitéiert Ressourcen nohalteg. Déi natierlech Regeneratiounsfäegkeet vun eise Ressourcë gëtt erhalen. Virun allem d'Liewewiesen an d'Ökosystemer. Dat mécht d'Biolandwirtschaft aus."

7,1 Prozent vun der landwirtschaftlecher Fläch ass aktuell bio. D'Ressortministesch Martine Hansen, déi en neien Aktiounsplang annoncéiert huet, ass optimistesch, datt een iwwert d'EU-Moyenne kënnt, déi bei 9 Prozent läit. Do ass awer net just d'Regierung gefuerdert.

"Primmen eleng hëllefen net. De Konsument muss matzéien. Wann de Konsument et net keeft, dann huet et kee Wäert. Dofir muss d'Zesummespill Produzent/Konsument lafen an dofir sinn déi Aktivitéite wéi déi hei extrem wichteg. Mir hunn als Staat u sech eng ganz wichteg Saach, wou mer de Maart kënne beaflossen, dat ass an der Educatioun mat de Schoulkantinnen."

Wann et drëms geet, op Bioproduktioun ëmzestellen, sinn et den Ament d'Wënzer, déi Virreider sinn. Si hunn déi europäesch Moyenne schonn erreecht. 
 
De geneeë Programm vun der Biowoch fënnt een op Biowoch.lu.