D'Marie-Marthe Muller wiesselt bei d'Stater LSAP

© VDL.lu
Eng weider Piratin verléisst d'Partei.
D'Marie-Marthe Muller, déi fir d'Piraten am Stater Conseil souz, huet um Mëttwoch decidéiert, ze demissionéieren a bei d'Sozialisten ze wiesselen.
Si seet, si hätt sech déi Decisioun net liicht gemaach, mä no villen Diskussiounen an Iwwerleeungen wier si zur Conclusioun komm, datt déi Positiounen, déi d'LSAP vertrëtt, am meeschte mat hire Prioritéite fir d'Stad Lëtzebuerg iwwerteneestëmmen.
D'Sozialisten hunn domadder nieft der Maxime Miltgen, der Antonia Afonso Bagine an dem Gabriel Boisante mat der Marie-Marthe Muller eng véiert Vertriederin am Stater Conseil.
Och de fréiere Piraten-Deputéierte Ben Polidori huet jo bei der LSAP en neit politescht doheem fonnt.