Nodeems et Konfusioun gouf, ob d'Déifferdenger Gemengeconseillère vun der Piratepartei bei d'LSAP géing wiesselen, koum e Méindeg d'Confirmatioun.

E Freideg hat ënnert anerem d'Tageblatt gemellt, datt d'Morgan Engel, déi nieft dem Marc Goergen op der Südlëscht Spëtzekandidatin war, hir Memberkaart bei de Piraten ofginn hätt. E puer Stonne méi spéit huet de Piraten-Deputéierte Marc Goergen op der Plattform X allerdéngs dementéiert, datt d'Déifferdenger Gemengeconseillère bei d'Sozialiste gewiesselt wier. Zwar wier d'LSAP un d'Morgan Engel erugetrueden, ma mat der Parteileedung wier awer kee Wiessel ofgemaach ginn. Och den Déifferdenger LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch hat bestätegt, datt et Gespréicher gouf, mä keng Confirmatioun vun engem Changement.

E Méindeg hunn d'Morgan Engel an d'LSAP an eenzele Communiquéen de Wiessel awer elo confirméiert. Et wier "keng einfach Decisioun, de Piraten de Réck ze dréien", schreift d'Morgan Engel. Ma duerch "déi aktuell Situatioun vun der Partei", wier fir si "all politesch Aarbecht onméiglech". Weider wéilt si net op d'Mëssstänn bei der Piratepartei agoen.

D'Gemengeconseillère wéilt hiert Mandat fir d'Wieler awer weiderféieren, dat allerdéngs bei der LSAP-Fraktioun am Gemengerot zu Déifferdeng. D'Valeuren an de Grondsazprogramm vun der LSAP wieren Elementer, déi d'Politikerin schonn ëmmer gedeelt hätt. Och d'LSAP betount: "All Mënsch, dee sech zu de Grondwäerter an dem Grondsazprogramm vun der LSAP bekennt, ass bei der LSAP wëllkomm". D'Gespréicher mat der Morgan Engel wieren "gutt, konstruktiv an zukunftsorientéiert" gewiescht.