De Coordinateur vun de Piraten dementéiert d'Annonce, datt d'Déifferdenger Gemengeconseillère hir Parteikaart ofginn a bei d'LSAP gewiesselt hätt.

E Freideg de Moien hat RTL eng Meldung vum Tageblatt matgeholl, datt e weidere Member d'Piratepartei verlooss hätt. Deemno hätt d'Gemengeconseillère vun Déifferdeng, d'Morgan Engel, hir Parteikaart ofginn a wier bei d'LSAP gewiesselt.

Wéi de Piraten-Deputéierte Marc Goergen e puer Stonne méi spéit op der Plattform X schreift, wier d'LSAP zwar un d'Morgan Engel erugetrueden, ma mat der Parteileedung wier awer kee Wiessel ofgemaach ginn. Deemno ass d'Gemengeconseillère weiderhi Member bei de Piraten.

Och den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch confirméiert op RTL-Nofro hin, datt et Gespréicher gouf, e Wiessel awer net decidéiert gi wier.

RTL-Informatiounen no wieren d'Gespréicher fir e méigleche Wiessel allerdéngs nach net ofgeschloss.

Déi 27 Joer al Engel war bei de leschte Chamberwalen nieft dem Marc Goergen Co-Spëtzekandatin vun der Piratepartei am Süden. Si koum hannert dem Goergen op Plaz zwee op der Südlëscht an huet et knapp verpasst, an d'Chamber ze kommen.

Duerch d'Gestreits tëscht de Piraten-Deputéierte Goergen a Clement an d'd'MALT-Affär rumouert et ferm an der Partei. Bis ewell hu véier Memberen hir Parteikaart vun de Piraten ofginn. Ënnert anerem den Deputéierte Ben Polidori an d'Marie-Marthe Muller, déi fir d'Piraten am Stater Conseil souz, si bei d'Sozialiste gewiesselt.