Sech a kuerzer Zäit op Risikofacteuren ënnersichen ze loossen, fir Häerz-Kreeslaf-Krankheeten z’evitéieren, dat ass iwwer dräi Deeg an der Stad méiglech.

De "Bus du coeur des femmes" ass an der Haaptstad op Besuch. Häerzkreeslaf-Krankheeten ziele weltwäit zu den Haaptdoudesursaache bei de Leit. Am Joer 2022 sinn zu Lëtzebuerg eleng 586 Fraen un de Suitten dovu gestuerwen.
 
Dobäi kann a ville Fäll verhënnert ginn, dass sech eng schlëmm Krankheet entwéckelt. Preventioun an e reegelméissege medezineschen Check-Up sinn dofir wichteg. Vill Frae sinn awer, wat dat ubelaangt, dacks noléisseg.
 
Mat der vu Frankräich inspiréierter Aktioun "Agir pour le coeur des femmes" an hirem rosae Consultatiouns-Bus goufe bannent de leschten zwee an d’halleft Joer scho 14.000 Fraen duerchgecheckt. Bei 90 Prozent vun hinne goufen op d’mannst zwee kardiovaskulär Risikofacteure festgestallt. Ma duerch den Depistage konnte si direkt beroden a fir eventuell Behandlunge bei Doktere verwise ginn.
 
Den Thierry Drilhon, Matgrënner vun "Agir pour le Cœur des femmes", erkläert, firwat Preventioun sou wichteg ass:

"Si on prend le territoire français, et c’est la même chose au Luxembourg, Deux femmes tous les jours décèdent d’un accident de la route, malheureusement, 33 d’un cancer de sein et 200 d’une maladie cardiovasculaire. Et l’objectif de cette opération avec le bus du cœur des femmes, c’est de prévenir plutôt que guérir. Pourquoi? Parce que dans 80% des cas, on peut éviter à ces femmes de rentrer dans la maladie et d’en décéder. Par de la prévention positive, bienveillante et efficace."
 
Elo kréien och Fraen zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, op engem eenzege Site insgesamt 10 Depistage- an Informatiounsetappen ze suivéieren. De "Bus du coeur des femmes" gouf op Initiativ vun der Amicale des patients de l’INCCI an der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte op Lëtzebuerg invitéiert.
 
Den Depistage-Parcours riicht sech virop u Fraen a prekäre Situatiounen, deenen et aus diverse Grënn u medezineschen Ënnersichunge feelt. Mee u sech ass all Fra op d’Place de la Constitution invitéiert, och wann et just ass, fir sech z’informéieren.
 
Fir um gratis Depistage-Programm vum "Bus du Coeur des femmes" Deel ze huelen, huet ee sech eigentlech missen aschreiwen, ma et sinn och Consultatioune spontan sur place méiglech.

Weider Informatioune fënnt een op www.amicale-patients-incci.lu an www.agirpourlecoeurdesfemmes.com.