Gëtt d'Stroumrechnung elo méi bëlleg oder méi deier?

© AFP
Dat hu sech verschidden Enovos-Clientë gefrot, wéi hire Fournisseur hinnen dës Woch geschriwwen huet, de Stroum géif am Dezember méi gënschteg ginn.
Obschonns zanter Méint driwwer geschwat gëtt, datt d'Rechnung eropgeet, wann de Stroumpräisdeckel hallwéiert gëtt. Geet d'Rechnung elo erop oder erof? Déi kuerz Äntwert ass: Am Dezember gëtt d'Stroumrechnung e bësse méi bëlleg, ier se dann am Januar nees méi deier gëtt. Ma am Detail ass et méi komplizéiert. Eis Rechnung, wéi de Claude Seywert, CEO vun Encevo erkläert, besteet aus dräi Deeler: "Déi eng Komponent ass d'Netzkomponent, déi aner ass d'Energie an déi drëtt ass d'Steieren an Ëmlage vum Staat"
Um drëtte Posten, Taxen an Ëmlagen, spillt den Energiepräisdeckel. Do kréie mer de Moment Sue vun der Rechnung ofgehalen amplaz, datt mer der musse bezuelen. An dee Montant ass fir d’ganzt Joer festgeluecht a gëtt kuerzfristeg un d'Entwécklung vum Energiepräis adaptéiert. En ass net flexibel, sou datt Beweegunge vun der Energiepräiskomponent net absorbéiert ginn. Dofir seet de Claude Seywert: "Dat heescht, wann elo am Laf vum Joer eppes changéiert, da gesi mer schonn, datt et am Dezember liicht méi bëlleg gëtt."
Op der Joresrechnung mécht dat awer net ganz vill aus. An am Januar gëtt d'Facture dann nees méi deier, esou de Claude Seywert, well de Stroumpräisdeckel zeréckgeschrauft gëtt: "Da gëtt eben déi Komponent, déi de Staat drop leet, méi kleng, do gëtt et da plus 30 Prozent vis-à-vis vum Duerchschnëtt vun alle Fournisseuren an allen Netzbedreiwer vun dësem Joer."
D'Präisser fir d'Komponent Stroum sinn zwar réckleefeg, mee se sinn nach ëmmer vill méi héich, wéi virun der Kris. D'Stéit kruten dës Hausse duerch de Stroumpräisdeckel bis ewell bal guer net ze spieren, esou de CEO vun Encevo. Fir e Stot vu véier Leit mat enger Consomatioun vu 4.000 Kilowattstonnen am Joer, geet d'Rechnung da vun 850 Euro op 1.100 Euro an d'Luucht. Dobäi spillt och déi nei Netzkäschtestruktur, déi jo ee vun de Posten op der Rechnung ass an an deene leschte Woche vill diskutéiert gouf, fir de Standard-Client kaum eng Roll. Well, wéi de Claude Seywert erkläert: "D'Netzkäschte wäerte sech e bëssen änneren, d'Energiekäschten ännere sech, wéi dann elo gesot ginn ass, am Dezember. Mee den Deel vum Staat gëtt ugepasst, fir datt d'Zomm vun deenen dräi (Komponente) maximal ëm 30 Prozent steigt fir de Standard-Client."
De Standard-Client, dat sinn déi, déi an der Niddregspannung manner wéi 25.000 Kilowattstonnen d'Joer verbrauchen. Déi aner Clienten, deenen hir do driwwer geet, konnte souwisou net vum Stroumpräisdeckel profitéieren. Si spieren also d'Baisse vun der Stroumpräiskomponent op der Rechnung direkt.