Wann d'nächst Joer zwou Indextranchen erfalen, da muss d'Regierung mat de Sozialpartner diskutéieren, fir Léisungen ze sichen.

Dat sot de Carlo Thelen en Dënschdeg um Bord vun der Presentatioun vum Avis vun der Chambre de Commerce zum Budgetsprojet fir d'nächst Joer. U sech sollt dëst Joer nach eng Indextranche erfalen, mee well d'Inflatioun bëssen ofgeholl huet, erfält se eréischt d'nächst Joer. Dem Statec no kéint et dowéinst deemno ewéi zwou Indextranche bannent 12 Méint ginn. Dem Direkter vun der Handelskammer no wier dat net gutt fir Betriber, déi scho vill Problemer hätten.
 
Wat de Budgetsprojet fir d'nächst Joer ugeet, do huet d'Chambre de Commerce begréisst, datt d'Regierung "d'Géigewaart stabiliséiert" hätt. Elo misst se nach "d'Zukunft ofsécheren". D'Handelskammer huet op hirer Pressekonferenz op eng Rei Schwieregkeeten oder Erausfuerderungen higewisen, mee och net verstoppt, datt se éischter zefridden ass mat der neier CSV-DP-Regierung. Virun allem mat hirer virsiichteger Budgetspolitik.

De Schéiereffekt – datt d'Ausgabe vum Zentralstaat méi séier gewuess sinn, ewéi d'Recetten – ass nees méi kleng ginn. Den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen huet zouginn, datt dat awer virun allem domadder ze dinn huet, datt e puer Betriber gutt Geschäfter gemaach hunn a méi Steiere bezuelt hunn, an datt Investissementer dacks um Pabeier géinge stoen, mee net tatsächlech gemaach géinge ginn.
 
Soit, d'Chambre de Commerce begréisst d'Stabiliséierung beim Zentralstaat. Bei der Sécurité sociale gesäit et allerdéngs anescht aus. Hei wéisst se gär, ewéi d'Regierung wëll un déi virprogramméiert Defiziter bei der Gesondheetskeess, mee virun allem bei der Pensiounskeess goen. D'Reform vun 2012 wier schonn an déi richteg Richtung gaangen, mee géing net méi duergoen, esou de Carlo Thelen. Et géing elo net drëm goen, fir de System ofzebauen. Et misst een d'Ausgaben a sengen Ae awer "méi selektiv" maachen. Cotisatiounen an d'Luucht setzen wier net gutt fir d'Kompetitivitéit.
 
Engersäits gëtt d'Populatioun déi nächst Joerzéngte méi al, anerersäits dréit d'Ekonomie manner séier, ewéi viru Joerzéngten an d'Produktivitéit, déi zwar heiheem héich ass – virun allem duerch d'Finanzplaz – géing stagnéieren. Fir den Direkter vun der Chambre de Commerce heescht dat: et muss weider innovéiert ginn. Dem Carlo Thelen no kéint een d'Hëllefsmesuren fir d'Innovatioun nach besser "kommunizéieren" a méi kleng Betriber op de Wee vun der Innovatioun bréngen. An den Enquêtë vun der Handelskammer géingen Betriber, déi innovéieren, soen, datt hir Produktivitéit "massiv" geklomme wier.