D'Präisdeierecht ass staark zeréckgaangen: Den Inflatiounstaux ass de leschte Mount – am Oktober – op 1% gefall.

Dat ass den niddregsten Niveau a méi ewéi dräi an engem hallwe Joer, esou de Statec. Doduercher geet den Inflatiounstaux fir dëst Joer mechanesch zeréck op 2,1%. Am August war een nach vun 2,3% ausgaangen.
 
D’nächst Joer dierf d’Inflatioun nees e bësse klammen, notamment well d’Energiepräisbremsen zeréckgefuer ginn. De Statec rechent hei mat 2,5%, also och manner ewéi 2,6% ewéi nach viru puer Méint erwaart.
 
Wéi den neie Statec-Direkter Tom Haas schonn hei op RTL annoncéiert hat, erfält déi nächst Indextranche eréischt d'nächst Joer. De Statec schreift vun zwee Zeenerien: Wann d'Energiepräisser wéineg klammen, géing et d'nächst Joer just eng Indextranche am zweeten Trimester ginn. Wann d'Präisser méi séier klammen, da kéint et eng Indextranche am 1. Trimester ginn an dann nach eng zweet schonn am drëtten Trimester.