An engem Communiqué deelt d'Partei mat, datt ee géint d'Propos vum Chef d'état-major vun der Lëtzebuerger Arméi ass.

Pirate kloer géint obligatoreschen Déngscht

"D'Piraten positionéiere sech ganz kloer géint en obligatoreschen Déngscht a fannen et och net ubruecht, esou eng Diskussioun ze lancéieren. Et läit un der Regierung selwer, Efforten ze maachen an Iwwerleeungen ze lancéieren, wéi een de Rekrutement verbessere kann", ass am Communiqué vun der Partei ze liesen. Déi Meenung wäert d'Partei och an der Chamber vertrieden an huet wëlles, fir an der nächster ëffentlecher Sëtzung eng Motioun ze deposéieren.

Domadder reagéieren d'Piraten op de Generol Steve Thull, deen Invité vun der Redaktioun um Radio war, ma och op de Commentaire vum Journalist François Aulner.

Baséiert hate sech dës Aussoe schonn op en Zeitungsinterview vun der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes am Juli. Hei hat si gesot, datt de Militärdéngscht wuel net am Koalitiounsaccord steet, si awer der Meenung wier, datt d'Diskussioun doriwwer hei, wéi och an aneren europäesche Länner, komme géif.

E klore Message hunn déi politesch Fräibeuter dann nach un d'Politik: "Verbessert d'Konditioune a maacht de Beruff méi attraktiv, mä loosst de Leit de fräie Choix."

KPL huet "kee Bock op hir Kricher"

RTL

© KPL

"Nee zum obligatoreschen Militärdéngscht ! Mir hu kee Bock op hir Kricher!" Dat seet d'KPL kloer. D'kommunistesch Partei hat en Donneschdeg de Mëtteg op eng Pressekonferenz invitéiert, fir op déi Rezent Diskussiounen engersäits iwwert d'Renten, anersäits eben iwwert d'militäresch Oprëschtung an e méiglechen obligatoresche Militärdéngscht anzegoen. Fir d'KPL kënnt dat absolut net a Fro. De Vizepresident Alain Herman.

"D'Argumenter heifir sinn an den Ae vun de Kommuniste fahnenscheinlich. Et geet bei der Rekrutéierungsflicht respektiv bei dem Zivildéngscht weeder drëms, fir méi Zesummenhalt a Resilienz, wat fir e schéint technokratescht an euphemistescht Wuert, muss een dozou soen, an der Gesellschaft ze kréien. Et geet och net drëms, fir méi Respekt, Disziplin, Manéieren, Déngschtbereetschaft, Widderstandsfäegkeet etc. den anscheinend esou wuelstandsverwahrlost jonke Lëtzebuerger bäizebréngen."
 

Extrait Alain Herman

Déi Diskussioune misste stoppen, fuerdert d'KPL a betount, si géife sech weider dogéint asëtzen a wieren a wéilt d'kritesch Bewosstsinn an eiser Gesellschaft stäerken. An deem Kader huet d'kommunistesch Partei och eng Campagne mat Affichen a Flyere lancéiert, mat deene si déi Jonk wëllen iwwert de Sujet informéieren a sensibiliséieren.

SPFP wëll sech Militärdéngscht net widdersetzen

Den SPFP, de Syndicat Professionnel de la Force publique, huet den Owend op senger Generalversammlung ënnerstrach, datt een sech engem obligatoresche Militärdéngscht net wëll widdersetzen, mä datt een d’Etappen net dierf iwwersprangen an datt et nach vill Froe ginn. De Syndicat stellt och fest, datt déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes nach ni mat de Gewerkschaftsvertrieder iwwert eng Wehrflicht geschwat hätt.  Méi Detailer dozou ginn et e Freideg de Moien an der Newsstonn um Radio.

Fokus fir e biergerlechen Déngscht fir Lëtzebuerg

An engem Schreiwes en Donneschdeg den Owend huet dann och d'Partei Fokus sech zu Wuert gemellt. Si géifen als "eenzeg Partei zu Lëtzebuerg een obligatoresche biergerlechen Déngscht fir jonk Männer a Frae fuerderen". D'Partei huet dobäi de Modell aus Éisträich als Virbild geholl, fir dësen obligatoreschen Déngscht, deen "zertifiéiert a remuneréiert soll sinn".