"Nieft Verdeelungsmesure kéint en obligatoreschen Déngscht eng ëmmer méi ongläich Gesellschaft erëm méi zesummeschweessen." Dat hat de Fränz Aulner viru bësse méi ewéi véier Joer hei op RTL a sengem Commentaire proposéiert. Dat war iert Russland d'Ukrain ugegraff huet a Lëtzebuerg sech engagéiert huet, seng Militärausgaben drastesch an d'Luucht ze setzen. Et ass deemno net erstaunlech, wann eise Mataarbechter bei senger Meenung bliwwen ass.

Vläicht mam Ënnerscheed, datt ewéi nach plus ou moins Fridden hei um europäesche Kontinent war, ech mech viru véier Joer fir e gemengnëtzegen obligatoreschen Déngscht ausgeschwat hat an net militäresch. Véier Joer méi spéit soen ech mer, datt ee kéint de Leit, déi fir deen Déngscht a Fro kéimen, eng "militäresch" Optioun op d’mannst kéint ubidden. Eng Zort "Musterung", bei där ee sech dach vläicht e bësse méi op eng Situatioun preparéiert, déi sech kee wënscht, mee ewéi mer hu misse feststellen: dat decidéiere mir net eleng. Eng Rei Staaten hei an Europa hunn den Déngscht nach, anerer ewéi Lettland hunn en erëm agefouert rezent an anerer ewéi Däitschland féieren en erëm an oder denken doriwwer no.

Commentaire vum François Aulner

Esouguer am Langage vum Chef d’état major vun der Lëtzebuerger Arméi Steve Thull erkennt een eng Ännerung: Virun e puer Joer an esouguer nach virun engem hallwe Joer war hien hei am Background nach éischter skeptesch géintiwwer engem obligatoreschen Déngscht. E Méindeg sot e bei eis am Interview, et wier de Choix vun der Politik, mee esou en Déngscht géing d’Leit oder d’Land sécherlech méi "resilient" maachen.

Wat dogéint schwätzt, ass natierlech de Käschtepunkt an d’Organisatioun. Iert de Militärdéngscht 1967 ofgeschaaft gouf, ass et awer iergendwéi gaangen. Dogéint schwätzt och d’Suerg, datt d’Leit am Déngscht schlecht behandelt kéinte ginn, mee am Joer 2024 kenne mer nei Instrumenter, fir d’Leit dogéint ze schützen, ewéi zum Beispill Ulafstellen oder aner hierarchesch Strukturen.

Eng Studie iwwert den éisträicheschen zivillen Déngscht géing och weisen, datt 3 vu 4 Leit déi den Déngscht gemaach hunn besser op ongewinnte Situatioune reagéieren a Versteesdemech fir Leit hunn, déi Hëllef brauchen, huet de Fokus President Marc Ruppert rezent an engem Artikel am Wort ervirgestrach. D’Argumenter dofir, begrenze sech dann net dorobber d’Leit méi resilient ze maachen. Et kann och e Vecteur fir Integratioun sinn a Leit am Déngscht kënnen am soziale Beräich oder nei Naturkatastrophen agesat ginn.
 
Jo et ass e bëssen eng "riets" Iddi, mee dach vläicht och méi "lénk" ewéi ee mengt. An enger Gesellschaft, an där vill Leit laanschtenee liewen, ass en obligatoreschen Déngscht dee Moment am Liewen, wou een, nieft villen anere Saachen, och léiert zesummenzeliewen. Et ass och en Éisträicher, dee mir viru 15 Joer sot hie wier räich, well seng Eltere räich sinn. An am Déngscht wier déi éischte Kéier gewiescht, datt hie mat Leit ze di gehat hätt, déi manner Chance haten. Dat hätt him d’Aen opgemaach. No eisem Gespréich hunn ech meng Meenung iwwert den obligatoreschen Déngscht geännert.
 
Wann een déi meescht Modeller kuckt, kéim ech net méi a Fro fir en obligatoreschen Déngscht mussen ze maachen. Fir dann awer intergenerationell Ongerechtegkeete ewéi bei der Rentendebatt oder an der Logementsfro ze vermeiden, wier et gutt, wann een den Déngscht op d’mannst kéint fräiwëlleg nohuelen.
 
A wann et beim Congé parental geet, kéint de Staat och fir d’Zäit vum obligatoreschen Déngscht en Deel vum Loun iwwerhuelen.