Mäerter HafenCamion a Gidderzuch krute sech ze paken, keng Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Gidderzuch an engem Camion um Hafen zu Mäertert.
© Domingos Oliveira

Wéi d’CFL preziséieren, wier et awer beim Materialschued bliwwen a keng Persoun gouf blesséiert. Am Nomëtteg waren zwou Depanneusen op der Plaz, fir den Accident ze raumen.

Wéi et zum Accident koum, kéint een aktuell nach net soen. D’CFL géingen awer eng Analys vum Virfall maachen.

Back to Top
CIM LOGO