Sans-abrismeZu Lëtzebuerg huet eng Persoun vun 1.000 keen Daach iwwer dem Kapp

Pit Everling
De leschte Wanter hu méi wéi 2.000 Leit vun der Wanteraktioun profitéiert. Déi Zuel nennt de liberale Familljeminister Max Hahn.

Sans-abrisme zu Lëtzebuerg / Reportage Pit Everling

Den Taux de sans-abrisme läit bei 0,11%. Dat seet de Questionnaire “Affordable and Social Housing” vun der Organisatioun fir Kooperatioun an ekonomesch Entwécklung .

Domat klasséiert sech de Grand-Duché besser wéi d’Moyenne vun den OCDE-Länner, déi bei 0,25% läit. An de leschte Jore géing opfalen, datt d’Zuel vu Leit, déi sech nei bei der Wanteraktioun aschreiwen, eropgeet. Am leschte Wanter hunn déi nei Inscriptioune 70% ausgemaach.

D’Zil vun der Wanteraktioun ass et, Sans-Abrise viru kalen Temperaturen ze schützen. Gegrënnt gouf se am Dezember 2001. An den zwee Joerzéngten dono gouf se staark ausgebaut. Tëschent de Joren 2008 an 2011 gouf et an der Wanteraktioun 77 Better op verschiddene Plazen.

Zënter 2013 gëtt et eng eenzeg Struktur op der Tréierer Strooss um Findel. 2019 ass een an en neit Gebai geplënnert an zënter dem leschte Joer stinn elo am Ganzen 300 Better zur Dispositioun.

A puncto Inscriptioune louch ee viru 23 Joer bei 99 Leit. De leschte Wanter lo waren et 2.352 Aschreiwungen, wat méi wéi duebel sou vill ass ewéi 2021/22, woubäi et der am Wanter 2016/17 och scho mol iwwer 2.000 waren. Am Wanter zejoert waren 59 Leit, déi schaffe bei der Wanteraktioun.

173 Asyl-Demandeure kruten e provisoreschen Accueil, bis eng Plaz am Centre de Primo-Accueil fräi gouf.

De Familljeminister präziséiert, datt d’Infrastrukturen net fir Mannerjäreger adaptéiert sinn. Dat ënner anerem well en Deel vun de Persoune sech sozial problematesch kéint verhalen.

Dat alles äntwert de Max Hahn op verschidde parlamentaresch Froe vun der CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler an dem Parlamentarier vun Déi Lénk Marc Baum.

Back to Top
CIM LOGO