En 29 Joer ale Polizist huet sech en Dënschdeg viru Geriicht wéinst zwee Abréch am Juli 2022 zu Uewerkäerjeng misse veräntweren.

Him gëtt virgeworf, op zwee verschiddenen Deeg an zwee Haiser an der nämmlechter Strooss agebrach an ënnert anerem zwou Aueren, e Briquet an e Coupe-Cigarre geklaut ze hunn. Eent vu béiden Haiser stoung eidel, an deem zweeten ass de Proprietär vum Haus allerdéngs wärend der Dot heem komm, wouropshin et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht béide Männer koum.

Wat war genee geschitt?

Den haut 29 Joer ale Mann huet sech de 14. Juli 2022 mat Hëllef vun engem Steen an enger Leeder Zougang zu engem Haus verschaf, an deem zu deem Zäitpunkt scho kee méi gelieft huet, an huet do Schlëssele matgoe gelooss. Engem Noper war opgefall, datt Luucht am Garage géif brennen an dësen huet doropshin d’Police geruff. Sur place konnten d’Beamten de Stee fannen, mat deem d’Fënster ageschloe gouf, a Bluttspueren. Et war awer kee méi am Haus.

Nëmmen e puer Deeg drop, den 18. Juli 2022, ass de Mann op en neits agebrach, nëmmen e puer Haiser niewendrun a genee op déi nämmlecht Manéier. Allerdéngs war dat Haus bewunnt a wärend den Abriecher dobanne war, ass de Proprietär vum Haus mat sengen zwee Kanner heem komm. Wéi hien heem koum, huet en d’futtis Fënster gesinn an direkt am Agang vum Haus Bluttspueren. Doropshin hätt hien zu sengen dräi an aacht Joer ale Kanner gesot, si solle virun der Dier waarden, huet de Mann erkläert.

Wéi den Täter him am Haus iwwert de Wee gelaf ass, huet de Mann net gezéckt e festzehalen. "Ech si Polizist! Ech si Polizist!", hätt den Abriecher geruff wouropshin de Proprietär geäntwert hätt: "Et ass mir schäissegal, wien s du bass, du gees hei net fort, meng Kanner sinn do ënnen." Béid Männer sinn unenee geroden, mat engem Biesemsstill huet den 29 Joer ale Mann dem aneren op d’Schëller geschloen. Dësen hat an tëscht d’Police geruff a krut den Täter schlussendlech maîtriséiert a festgehalen, bis d’Beamten agetraff sinn.

Ongewéinlech Affär

Wéi ee vun de Polizisten, deen op d’Plaz geruff gouf, um Geriicht erkläert huet, wier et fir hie schwéier gewiescht ze wëssen, wien den Täter a wien d’Affer wier. Well de Beamten den anere Polizist kannt huet, ass en Ufanks och dovun ausgaangen, hie wier d’Affer. D’Situatioun wier deemno konfus gewiescht. D’Beamten hunn dann och direkt no enger Erklärung gefrot wouropshin den Ugekloten direkt sot e wier Polizist an e puer Mol widderholl huet "Ech hu geduecht, d’Haus géif eidel stoen" an "Ech hunn decke Schäiss gebaut".

Eng wierklech Erklärung, wisou hien nëmme 650 Meter nieft sengem eegenen Doheem an Haiser agebrach ass, ass och aus der Expertis net ervirgaangen. Den Ugekloten hätt e schwéiere Parcours a senger Jugend gehat, wärend där en ënnert anerem an der Jugendpsychiatrie war a Problemer mat Alkohol an Drogen hat. Den Alkoholkonsum respektiv -problem gouf puer mol widderholl. Den Dag vun der Dot hat den Ugekloten 1.7 Promill an huet zouginn, virdrun eng hallef Fläsch Whiskey gedronk ze hunn.

Den Expert huet um Geriicht betount, datt de Beruff vum Polizist fir den 29 Joer ale Mann absolut näischt gewiescht wier. Et wier d'Sich no Valorisatioun an Unerkennung gewiescht, déi hie motivéiert hätt. Hie war zum Zäitpunkt vun den Doten eréischt zanter 3 Méint fest bei der Police agestallt a gouf wéinst de Faite suspendéiert.

Vun enger ongewéinlecher Affär huet dann de Parquet geschwat. Dat, wat den Ugeklote gemaach hätt, wier komplett kontradiktoresch zum Eed, deen en als Polizist ofgeluecht huet. D’Argument, hien hätt gemengt, d’Haiser géifen eidel stoen, gouf dann och net sou stoe gelooss. Dat géif net wierklech eppes änneren, sou d’Ausso vum Parquet. Et wier net ze verstoen, wéi e Polizist, deem säi Beruff et eigentlech wier, Leit déi abriechen ze stellen, sou Dote selwer verüübt.

Wat seet den Ugekloten?

"Ech stoung deen Zäitpunkt komplett nieft der Plack", sou den antëscht suspendéierte Polizist, deen d'Doten zouginn, a sech beim Affer entschëllegt huet. Hie wier net houfreg op seng Dot, hätt awer ni d'Intentioun gehat, iergendengem wéi ze doen, huet den 29 Joer ale Mann virum Riichter betount. U villes kéint hie sech awer och net méi erënneren.

D'Fuerderung vum Parquet si 15 Joer Prisong, dovunner en Deel fest. D'Urteel gëtt den 12. Februar gesprach.
 
E Mëttwoch de Mëtteg steet de Mann iwwerdeems op en Neits viru Geriicht, dat wéinst enger Affär vu Schëss op zwee Camione vun enger Baufirma.