Oppositioun fuerdert Stopp vun Expulsioune vu vulnerabele Leit

Lëtzebuerg misst nees no deene Vulnerabelste kucken. Se wiere keng Nummere vun engem Dossier, mä Mënschen, déi Schutz brauchen.
Dat huet de gréngen Deputéierten Meris Sehovic e Mëttwoch de Moien an der Chamber deklaréiert. Hien huet kritiséiert, den zoustännege Ministère hätt enorm Retarden bei Demanden fir Familljen ze regruppéieren oder Openthaltsgeneemegungen auszestellen. An der Praxis wier dat fir déi Betraffen "Onsécherheet, Onstabilitéit an eng riseg Hürd, fir sech hei zu Lëtzebuerg z’integréieren".
Hien huet vun engem Temoignage erzielt vun enger jonker Famill aus Venezuela, déi zanter dräi Joer hei am Land ass. D’Mamm wier op hirer Aarbecht suspendéiert ginn, well se net déi néideg Dokumentatioun vum Ministère kritt hätt. De Papp hätt eng Promesse d’embauche. D’Meedche géing just d’Lëtzebuerger Schoul kennen. Déi Famill sollt haut op d’Strooss gesat ginn.
De Meris Sehovic huet eng Motioun deposéiert, déi ënnert anerem en "direkte Stopp" vun den Expulsioune vu vulnerabele Leit, dorënner Kanner, aus de Strukturen vum Office national de l’accueil (ONA) fuerdert, mä och datt d’Chamber all Mount Zuele kritt, iwwert wéi vill Leit virun d’Dier gesat ginn, wéi vill Expulsiounen ordonéiert goufen a wéi vill Leit an déi sougenannt Maison de retour oder an de Centre de rétention geschéckt ginn.
D’Motioun vun déi Gréng krut schonn d’Ënnerschrëfte vun den aneren Oppositiounsparteien LSAP, Piraten an déi Lénk. De Chamberpresident Claude Wiseler sot, et géing ee kucken, wéini déi zoustänneg Ministeren (Max Hahn a Leon Gloden, NvdR) disponibel sinn an d’Motioun op d’Dagesuerdnung kéint kommen.