
Méi genee sinn déi zwee Autoen um CR101 am Direndall kollidéiert. Wéi de CGDIS preziséiert, goufe bei der Kollisioun zwou Persoune blesséiert. Um Asaz waren de Samu-Noutdokter, d’Ambulanciere vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Miersch a Koplescht.
D’Streck war bis kuerz no 17 Auer gespaart.

Trakter rennt an Haus zu Dikrech
Kuerz virun 12.30 Auer gouf dem CGDIS en Accident zu Dikrech an der Rue de Stavelot gemellt. Hei war en Trakter an en Haus gerannt. Och heibäi gouf eng Persoun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vum Zenter Nordstad waren op der Plaz.