Zu Biergem an zu ÉiterD'Police mellt zwee Abréch e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne goufen der Police direkt zwee Abréch am Land gemellt.
© RTL Archiv

Zu Biergem beispillsweis gouf an en Eefamilljenhaus “Um Furtwee” agebrach. Den Täter huet sech Zougang an d’Haus verschaaft an dobäi d’Alarmanlag ausgeléist. D’Persoun konnt doropshi flüchten. Éischt Ermëttlungen hunn erginn, dass en Zëmmer duerchwullt a Sue geklaut goufen. Eng Sich no der Persoun ass an enger éischter Phas negativ verlaf.

De selwechten Owend gouf dann och nach an en Haus an der Rue de Moutfort zu Éiter agebrach. Hei huet den Täter e puer Reim duerchwullt a konnt dono fortlafen. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet. Preventiv Rotschléi vun der Police ginn et hei!

Back to Top
CIM LOGO