Et wéilt een zu engem spéideren Zäitpunkt op ee Communiqué vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC reagéieren.

Sandweiler Polit-Sträit / Reportage Marc Hoscheid

Gemengebeamten, déi deels gemobbt ginn an een externe Beroder vum Schäfferot, deen ze vill Muecht huet an och zu engem gudden Deel Schold un der schlechter Stëmmung vun de Mataarbechter ass, dat si graff resuméiert d'Reprochen, déi zu Sandweiler am Raum stinn. Erhuewe goufe se an deene leschte Woche vun der Fédération Générale de la Fonction Communale, also der Gewerkschaft vum Gemengepersonal. An der Gemengerotssëtzung en Donneschdeg den Owend wollt d'Oppositioun aus CSV an déi Gréng eng Reaktioun vum LSAP-DP-Schäfferot op déi Virwërf. Déi gouf et och, ma se ass awer zimmlech kuerz ausgefall.

"Mir als Schäfferot sinn zoustänneg fir d'Personal a mir setzen eis dofir an, datt alles gutt funktionéiert a mir ee gutt Aarbechtsklima an der Gemeng hunn a mir wäerten alles doru setzen, fir dat ze gewäerleeschten."

Domadder wier alles gesot, esou d'LSAP-Buergermeeschtesch vu Sandweiler Jacqueline Breuer an hirer Äntwert op eng ganz Rëtsch Froe vum CSV-Conseiller Jean Lemmer. Et géing een nach un enger Reaktioun op ee rezente Communiqué vun der FGFC schaffen, an deem de Schäfferot Inkompetenz a Muechtmëssbrauch virgeworf kritt. Am Fong hätt de grénge Conseiller Jean-Paul Roeder scho gäre méi fréi an der Sëtzung iwwert dat Thema geschwat, ma d'Majoritéit hat dee Punkt vum Ordre du jour awer ajournéiert. Datt dat Virgoe kritesch gesi gouf, huet d'Buergermeeschtesch esou kommentéiert:

"Esou ass dat eben an der Demokratie."

Dee Saz huet op d'mannst esouwuel d'Oppositioun wéi och déi ronn 10 Leit, déi lauschtere komm waren, zum Laache bruecht.

Fir de Rescht huet d'Oppositioun et schued a lächerlech fonnt, datt net op konkret Froe geäntwert gouf. De Jean-Paul Roeder sot am Interview no der Sëtzung, hien hätt an der Lescht mat Membere vum Gemengepersonal iwwert d'Reprochë geschwat.

"Ech muss schonn oppassen, wat ech do soen. Mä all déi Reprochen, déi an där Publikatioun ernimmt gi sinn, sinn all confirméiert ginn. Au contraire, et sinn éischter nach anerer dobäi komm, déi ech lo net wëll opleeën, fir d'Leit ze protegéieren."

Och déi fréier Buergermeeschter an aktuellen Oppositiounsconseillère Simone Massard-Stitz vun der CSV gesäit d'Roll vum externe Beroder kritesch. Als Beispill nennt si d'Kontroll vun de Konte vun där ASBL, déi bis Enn d'lescht Joer déi lokal Maison relais geréiert huet.

"Do huet deen eis gesot, mir hätten een Defizit vu 400.000 Euro gemaach. Et muss een awer wëssen, datt mir eng Konventioun mam Staat hunn. Mir maache weder een Defizit nach eng Plus-value, mir maachen ëmmer Decompten an hei an do. An do hu mer fir d'éischt Bekanntschaft, well ech sinn och an där ASBL gewiescht, gemaach. A bis haut stinn déi 400.000 Euro nach ëmmer am Raum a wa mir froen, wou sinn déi, da seet hien einfach zu eis, d'Chiffere weisen dat."

Bleift ofzewaarden, ob de Schäfferot op d'Reproche vun der FGFC e bëssi méi am Detail äntwere wäert, wéi op d'Froe vun der Oppositioun.