Et gëtt Zodi op der Gemeng Conter. An zwar tëscht engem Deel vum Personal an dem Schäfferot, respektiv der Buergermeeschtesch.

Kaméidi an der Gemeng Conter / Reportage: Carine Lemmer

Zanter 2019 sinn iwwer 20 Leit, déi op der Gemeng geschafft hunn, gaangen oder goufen entlooss.

Et gi Mobbing-Reprochen, den OGBL huet d’Problemer ëffentlech kritiséiert. A kuerz viru Chrëschtdag krut eng Persoun, déi zanter 28 Joer op der Gemeng schafft, fristlos gekënnegt. Eng weider Persoun, déi an der Personaldelegatioun ass, krut eng "mise à pied", si gouf also suspendéiert.
 
Wat ass lass an der Gemeng Conter? Schonn am Summer hate mer an engem Reportage d’Problemer op der Conter Gemeng opgegraff. Et géif en toxescht Aarbechtsklima ginn, hat den OGBL behaapt. Zwou Persounen hunn Enn August eng Denonciatioun wéinst Mobbing gemaach. Hiren Affekot ass de Me Alex Penning.
 
"Meng Clientë reprochéieren haaptsächlech der Madamm Buergermeeschter dee Mobbing, awer och Leit, deelweis Leit aus hirem Service oder aus anere Servicer. Dat heescht, et ass net nëmmen, wéi dat heiansdo duergestallt gëtt, dass d'Buergermeeschtesch oder de Schäfferot viséiert ass, mä et sinn och Mataarbechter."
 
D’CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet huet sech schonn am Summer verwonnert gewisen iwwer d'Virwërf. 
D’Oppositioun huet nogefrot a wollt Äntwerten. An et gouf eng extern Enquête gemaach, fir eraus ze fannen, ob et Mobbing gouf. Conclusioun vun där Enquête: Et konnt kee Mobbing festgestallt ginn. 
 
D’Oppositioun gesäit dat Resultat skeptesch. An déi Concernéiert hu bei der ITM Recours gemaach. Kuerz drop goufe si entlooss, respektiv suspendéiert.

Wien, wat, wéini villäicht gesot huet, dorobber gi mer op dëser Plaz net an. Iwwer d’Entloossung gëtt um Aarbechtsgeriicht decidéiert. Mir hu bei der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet eng Reaktioun op dee ganzen Zodi gefrot a si huet eis e laangen Interview ginn, wou si eppes kloer sot:

"Ech kann Iech soen, ech hunn nach ni ee gemobbt an ech wäert a mengem Liewen och kee mobben. Ech fannen dat schrecklech. Ech soll gemobbt hunn? Entretemps froen ech mech, wie gemobbt gëtt."
 
2017 huet d’Marion Zovilé de Buergermeeschter-Stull iwwerholl. D’Gemeng wär vill gewuess, vill Leit si bäikomm an et huet ee sech nei missen opstellen an anescht organiséieren.
 
"Mir schéngt et, datt hei e bëssen de Fall war, dass zwee Leit net d'accord ware mat den Decisioune vum Schäfferot, fir verschidde Servicer esou ze organiséieren, wéi et fir eis wierklech muss si fir d'Zukunft. Well soss komme mir hei net iwwer d'Ronnen. Mir sinn eppes wéi e Betrib, soen ech elo, vläicht e klenge Betrib. An awer...mir wuessen a mir wäerten nach wuessen, an da musse mir déi richteg Leit op där richteger Plaz hunn. An domadder krut kee gesot, dass et e manner gudde Mënsch ass oder datt e seng Plaz verléiert oder datt e seng Pai verléiert. Déi Persounen, déi kënne viru genau esou schaffe wéi bis elo, just dass de Service méi grouss gëtt an dass nach aner Kompetenzen do erakommen. Méi ass dat net."

RTL

© Domingos Oliveira

Iwwer 20 Leit sinn an de leschte Jore vun der Gemeng fortgaangen, ouni déi Leit, déi an d’Pensioun gaange sinn. Der Buergermeeschtesch no, wär dat d'"Moyenne", hätt d’Enquête erginn. Ënnert anerem de gréngen Oppositiounspolitiker Ari Arrensdorff gesäit dat anescht a gleeft d’Resultat vun der Enquête net sou ganz.
 
"D'Resultat ass fir mech an deem Sënn biaiséiert, well net eng onofhängeg Instanz dat decidéiert huet. Hei misst onbedéngt eng, wéi zum Beispill déi Kommissioun, déi dann elo de Minister Serge Wilmes net wëll an der Fonction publique, déi wär onofhängeg, fir esou Saache kënnen ze decidéieren an ze traitéieren. Déi feelt hei. Hei ass eesäiteg decidéiert ginn, et wär näischt."
 
Wann eppes war, firwat huet da kee mat mir geschwat?, freet d’Buergermeeschtesch.
 
"Mat mir huet kee geschwat. Et ass kee bei mech komm, fir mir ze soen: 'ech sinn net d'accord'. Mobben, wat ass Mobben? Et soll ee mol d'Definitioun vu Mobbe kucken. Dat ass wéi wann ech all Dag hei engem géif eng Frechheet oder eng domm Remark maachen. Dat muss repetitiv sinn. Ech mengen dat steet jo alles an der Definitioun, dat ka jiddwereen nosichen. Also fir een ze mobben, muss ech och een all Dag gesinn oder all Woch gesinn. A wéi gesot, dat ass ni geschitt." 

 
Wéi geet et dann elo weider? Och wann d’Koalitioun hannert der Buergermeeschtesch steet -  de Schäffe gouf zwar elo ausgewiesselt - soll weider fir d’Gemeng an d’Leit geschafft ginn, seet d’Buergermeeschtesch.
 
"Ënnert deem hei huet d'Stëmmung gelidden. Ech hu Leit, déi sëtzen hei bei mir ze kräischen, ob Dir et elo gleeft oder net, mee déi komme bei mech kräischen. An déi soen, ech packen dat hei net méi. Ech mengen, ech sinn nach hei mat deem Ganzen do, wéinst menge Leit. Mir haten elo eis Personalfeier, also Chrëschtfeier, wéi een dat wëll nennen, do waren 90% vun de Leit. An ech hunn hinnen deemools versprach, dass ech bleiwen, bis déi ganz Schierbelen zesumme gekiert sinn a bis se erëm kënne friddlech schaffe kommen. Fir all déi, déi sech Hoffnunge gemaach hunn, dass ech d'Bengele bei d'Tromm geheien. Ech maachen dat net, awer ech maachen dat net wéinst menge Leit."
 
E Méindeg kënnt déi fristlos Kënnegung virun d’Aarbechtsgeriicht, et decidéiert sech awer näischt. Et gëtt en Datum fixéiert wéini déi Saach plädéiert gëtt. Dat dierft nach dëse Mount sinn. Den Affekot freet d’Nullitéit vun der Kënnegung, datt se also ganz opgehuewe gëtt. Dem Gesetz no, ass eng Persoun, déi Mobbing denoncéiert, och theoretesch geschützt a kann net entlooss ginn.

Personal aus dem Atelier stellt sech hanner Schäfferot

"Richtigestellung" ass e Communiqué iwwerschriwwen, deen d'Personal aus dem Atelier vun der Gemeng Conter erausginn huet.  D'Mataarbechter stelle sech hannert d'Buergermeeschtesch Marion Zovilé an de Schäfferot.

Et wieren net si, déi eng toxesch Aarbechtsatmosphär géinge verbreeden. Den OGBL géing an der Press falsch Saache behaapten, schreift d'Personal aus dem Gemengenatelier weider. D'Gewerkschaft hätt sech am leschten hallwe Joer net ëm d'Wuel vun de Leit aus dem Atelier gekëmmert, mä se hätt een eenzege Mataarbechter geschützt ënnert deem 20 anerer gelidden hätten.

Zënter datt dës Persoun entlooss gi wier, hätt d'Aarbechtsklima sech däitlech verbessert. D'Schreiwes ass vu ronn 20 Leit ënnerschriwwen.