Onofhängeg Etüd iwwer Moderniséierung vun den Aarbechtsstrukturen an Optrag ginn

© Domingos Oliveira / RTL
Op der Conter Gemeng gëtt et den Ament Zodi tëscht engem Deel vum Personal an dem Schäfferot respektiv der Buergermeeschtesch.
Notamment geet et ëm Mobbingreprochen.
En Donneschdegowend huet déi lokal LSAP, déi zesumme mat der CSV zu Conter an der Majoritéit sëtz, an engem Schreiwes wësse gedoen, dass de Schäfferot eng onofhängeg Etüd an Optrag ginn huet, déi modern Aarbechtsstrukturen an der Gemeng soll fërderen, fir effikass op d’Uspréch vun der Populatioun awer och vun der Gemeng selwer kënnen ze reagéieren.
De Projet gëtt vum ganze Gemengerot matgedroen. En Aarbechtsgrupp soll dono d’Recommandatiounen aus der Etüd ëmsetzen, och zum Wuelbefanne vum Gemengepersonal.