D'Raimlechkeeten huet eng privat Famill der Stëmm fir 10 Joer gratis zur Verfügung gestallt.

Extensioun Stëmm vun der Strooss / Reportage Claudia Kollwelter

D'Lokalitéite vum soziale Restaurant vun der Stëmm vun der Strooss zu Hollerech si méi grouss ginn. D'Extensioun vun honnertsiechzeg Meterkaree war méiglech, well eng privat Famill der Associatioun d'Raimlechkeete fir zéng Joer gratis zur Verfügung stellt. E Mëttwoch de Moie war déi offiziell Aweiung a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel.

2013 huet de Restaurant zu Hollerech seng Dieren opgemaach an ass zanterdeem de gréisste soziale Restaurant am Land. Ma d'Frequentatiounen hunn iwwer d'Jore massiv zougeholl an d'Plaz ass ëmmer méi kleng ginn. Der Famill Reuter, déi Proprietär vun ënner anerem den Appartementer ronderëm ass, ass dat och mam bloussen Aen opgefall a si wollten hëllefen. De Rudi Reuter huet betount, datt ee wollt hëllefen an datt ee mat engem klenge Geste ganz vill areeche kann. 
 
E Geste, fir deen d’Stëmm natierlech extreem dankbar ass. D’Stëmm huet uschléissend Renovatiounsaarbechten an Héicht vun 320.000 Euro gemaach, déi integral duerch Done finanzéiert goufen. Zanter Mëtt Dezember ass d'Extensioun elo op an erméiglecht 90 zousätzlech Leit kënne eranzeloossen. D'Alexandra Oxaceley, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss, huet erkläert, datt et engersäits e Raum ass, wou Leit sech kënnen ausrouen, sech kënne leeën an Tëlee kucken, mä och d’Méiglechkeet hunn, vun anere Servicer vun der Associatioun ze profitéieren. Ee mol d’Woch kënnt en Dokter fir gratis Consultatiounen, eemol de Mount ass e Veterinär sur place. E Büro ass virgesi fir de Service "Kannerstëmm" an ee fir d’Assistance social. Och de Coiffer ass an der neier Extensioun ënnerbruecht.

D'Waardezäite virum Restaurant ginn duerch d'Vergréisserung och méi kuerz, d'Konflikter gi limitéiert, well d'Leit manner openeen hänken an alles méi verdeelt ass an ee sech besser organiséiere kann. Dat ass alles néideg, well d'Demande mer méi grouss gëtt. Zejoert goufe pro Dag 478 Moolzechten zu Hollerech verdeelt. An dat scho laang net méi just u Sans-abrisen oder Toxikomanen, huet de President vun der Stëmm vun der Strooss André Duebbers erkläert. Et sinn antëscht vill Krichsflüchtlingen, Refugiéeën, déi temporär hei Asyl sichen, mee och ganz vill Leit, déi um Enn vum Mount d’Enner net méi beienee kréien, déi sougenannte “working poor”. E Phänomen, wat der Stëmm da vill Suerge mécht, ass dat vun der Hausse u Kanner, déi mat hiren Elteren iesse kommen, mat engem Chiffer vu ro 480 Mannerjäregen zejoert. 
 
De Gros vun de Clientë si Portugise mat eppes iwwer 15 Prozent, ma direkt hannendru mat ronn 11 Prozent sinn d'Lëtzebuerger.