De Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden wiert sech weider géint d'Grenzkontrollen.

Den CSV-Minister huet um Bord vum Conseil vun den Inneminister nach emol d'Gespréich mat senger däitscher Homologin Nancy Faeser gesicht. Bei där Geleeënheet huet hien d'Propos gemaach, d'Situatioun via bilateral Accorden ze reegelen. An deene soll ënner anerem déi grenziwwergräifend Police-Kooperatioun verbessert ginn.

An engem Communiqué heescht et, datt dës Propos souwuel bei der däitscher Inneministesch wéi och beim franséische Ressortminister Bruno Retailleau gutt ukomm wier.

Um Conseil vun den EU-Inneministeren zu Bréissel si sech d'Länner och eens ginn, datt an Zukunft un de Grenze vum Schengen-Raum d'Donnéeë vu Leit, déi areesen, elektronesch erfaasst ginn. Den neien Entry-/Exit-System soll progressiv a Kraaft trieden.