Entloossungen zu LëtzebuergAarbechtsminister Mischo schwätzt vu "grousser Angscht" bei Amazon-Delegatioun

Dany Rasque
Den Aarbechtsminister huet e Méindeg de Moien d'Personaldelegatioun vun Amazon gesinn.
© Matthias Balk / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

“Et gëtt eng grouss Angscht bei der Delegatioun, wéi et elo weider geet”, seet den Aarbechtsminister Georges Mischo vis-à-vis vun RTL. Den Aarbechtsminister huet e Méindeg de Moien d’Personaldelegatioun vun Amazon gesinn.

D’US-Entreprise hat dem Minister e Freideg gesot, 470 Leit z’entloosse wier de “Worst case"-Zenario. D’Memberen aus der Personaldelegatioun dogéint fäerten, datt et mat “bis zu 470" Plazen, déi gestrach ginn, nach net gedoen ass.

Georges Mischo

Den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo: “Si mengen, dass et och net bei deene 470 Leit géif bleiwen. Dass vläicht an e puer Méint nach Leit missen ofgebaut ginn. Et war schonn eng ganz, jo, ganz schwiereg Reunioun de Moien, wann ee bedenkt, dass déi Leit elo just viru Chrëschtdag gesot kréien, dass se hir Plaz verléieren. E Méindeg um 15 Auer ass et jo lassgaange mat den Negociatiounen tëscht der Delegatioun mat dem Maître Adam an natierlech och der Direktioun vun Amazon. Et ass am Fong och esou, dass d’Zil ass fir de 15. Dezember déi Negociatiounen ofzeschléissen.”

Den Aarbechtsminister pocht drop, datt d’ADEM elo esou séier wéi méiglech d’Profiller vun deene Leit kritt, déi entlooss ginn. De Georges Mischo seet, et kéint een och e speziellen Jobdag fir d’Leit vun Amazon organiséieren a wann néideg kéint de Konjunkturcomité och ausser der Rei zesumme kommen. Hie verséchert op alle Fall, datt een am Ministère an op der ADEM bereet steet, fir deene Betraffene sou séier wéi méiglech ënnert d’Äerm ze gräifen a si nei z’orientéieren.

Back to Top
CIM LOGO