ChamberplenièreAbordabele Logement gëtt gesetzlech verankert

RTL Lëtzebuerg
Den abordabele Logement kritt an engem Gesetz e méi eenheetleche Kader, dat huet d'Chamber e Freideg an der leschter ëffentlecher Seance publique gestëmmt.
© Shutterstock

D’Rapportrice vum Gesetzesprojet, d’Semiray Ahmedova, huet betount, dass antëscht esou vill Leit vum schwierege Logementsmarché betraff sinn, dass et net méi ubruecht wier, vu sozialem Logement ze schwätzen. Déi gréng Deputéiert huet vun enger “Revolutioun” geschwat, mat där d’Gesetz vu 1979 iwwerschafft an un déi haiteg Problemer ugepasst gëtt.

Nei ass d’Schafe vun engem nationale Regëster fir abordabel Wunnengen (RENLA), deen déi komplett Offer vun ënnerschiddlechen Acteure soll regruppéieren. Doduerch soll eng gréisser Transparenz garantéiert ginn. Donieft ginn och d’Krittäre fir d’Verdeelung vu bezuelbare Logementer, déi zum Beispill enger Gemeng gehéieren, detailléiert festgehalen. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet op deem Punkt kritiséiert, dass bei de Krittären net méi staark consideréiert gëtt, wann een an der Gemeng wunnt oder vun do kënnt a fir eng abordabel Wunneng an där Gemeng kandidéiert. D’ADR fuerdert e gréissert Matsproocherecht vun de Gemengen.

Ënnerschiddlech Vuë bei der Zesummenaarbecht mam Privatsecteur

Déi gréissten Oppositiounspartei d’CSV huet d’Gesetz dann net mat gedroen, well mat der punktueller Ännerung vu verschidde Punkte méi séier hätt kënne geschafft ginn. Der CSV feelt, dass d’GLS net méi attraktiv duergestallt gëtt, dat wier dee beschten Outil géint de Leerstand, esou de Marc Lies. Wat d’Zesummenaarbecht mam Privatsecteur ugeet, esou begréisst d’CSV, dass de Problem zesummen ugepak gëtt, d’Gemenge missten als gläichwäertege Partner awer och mat an d’Boot geholl ginn. Do géing deen neien Text net wäit genuch goen. Donieft géing d’Gesetz awer zevill an de Logementsmaart agräifen, de Marc Lies huet an senger Ried vun enger “Tutelle” geschwat.

De Roy Reding huet fir seng Sensibilité politique “Liberté Chérie” besonnesch de Regëster fir déi abordabel Logementer begréisst. Donieft huet hien ugemierkt, dass keen esou séier baut wéi de Privatsecteur, dës Zesummenaarbecht misst méi ausgebreet ginn.

Fir Déi Lénk ass d’Zesummenaarbecht mat de privaten Acteuren en Dar am A. Mam neie Gesetz solle Projete vu privaten Entreprisë kënne finanzéiert ginn, wa se als abordabel gëllen. Konkret kéinte mam neie Gesetz verschidde Privatfirme sougenannt “Logements dédiés” fir hir Salariéë bauen. Dofir gëllt eng zäitlech Contrainte vu 40 Joer. Wärend där Zäit mussen déi subventionéiert Logementer abordabel bleiwen. Trotz zäitlecher Limitt huet d’Nathalie Oberweis kritiséiert, dass privat Projete mat ëffentleche Sue finanzéiert ginn. D’Partei huet sech dofir beim Vott enthalen.

Individuell Hëllefe ginn erhéicht

D’Deputéiert hunn an engem zweete Vott unanime fir en neit Gesetz gestëmmt, mat deem déi individuell Aiden am Logement erhéijt ginn. Et kënnen dann och méi Leit vun den Hëllefe profitéieren. Vum grénge Minister Henri Kox huet et geheescht, dass mat de verschiddene Mesurë virun allem déi Keefer sollen ënnerstëtzt ginn, déi e Logement kafen, fir selwer dra wunnen ze goen. Domadder soll de Marché ugekuerbelt ginn a gläichzäiteg ginn d’Leit finanziell ënnerstëtzt, souwuel fir d’Locatioun wéi och fir de Kaf vun engem Logement.

PDF: D'Schreiwes vum Logementsministère.

Back to Top
CIM LOGO