
Ee bis ewell onbekannten Täter hat d’Hënneschtdier mat engem Steen ageschloen, eng Rei Raim duerchwullt a Wäertsaache matgoe gelooss.
Ee weideren Abroch gouf et en Dënschdeg am Nomëtteg, wou eng Wunneng vun engem Appartementshaus an der Allée des Poiriers duerchsicht gouf. Wéi den Täter sech Zougang zu der Wunneng verschaffe konnt, ass bis ewell nach net gewosst. Eng Rei Wäertgéigestänn goufe geklaut. A béide Fäll sinn Ermëttlungen ageleet ginn.
Zu Esch gouf an der Nuecht op e Mëttwoch iwwerdeems eng Persoun op der Gare iwwerfall. D’Affer sot der Police, et wier vun zwou Persoune bedrängt ginn, déi duerno eng gréisser Zomm aus dem Portmonni vum Affer geklaut hunn. Duerno sinn déi zwee Täter geflücht. D’Affer ass onverletzt bliwwen an d’Ermëttlunge goufen ageleet.
Um Mëttwoch de Moien huet d’Police tëscht 7.17 an 8.30 Auer eng Verkéierskontroll zu Housen gemaach. D’Beamten hunn dobäi virun allem duerno gekuckt, ob d’Chaufferen ofgelenkt waren, oder ob si hire Rimm unhaten.
Insgesamt goufe bei der Kontroll eng 39 Verstéiss festgestallt. 29 Chauffere missten eng Strof bezuelen, well si hiren Handy wärend dem Fuere benotzt haten. An aacht Fäll hate Camionschaufferen hir Rouzäiten net agehalen. Ee Chauffer konnt déi néideg Pabeieren net weisen, an an engem Fall war de Cargo net richteg geséchert. 12 Beamte waren un der Kontroll bedeelegt.