
Tëscht 17.30 an 18.35 Auer e Samschdeg den Owend sinn Onéierlecher an een Eefamilljenhaus an der Rue de l’Acht zu Nidderfeelen agebrach. Et waren op mannst zwou Persounen, déi iwwert eng Terrassendier an d’Gebai komm sinn. D’Police huet ouni Succès no den Abriecher gesicht. D’Spueresécherung war op der Plaz.
Och e puer Autoe goufen Affer vu krimineller Energie. Tëscht Hallefnuecht a 4.45 Auer e Sonndeg de Moie gouf d’Fënster vun engem Auto um Parking Bouillon opgebrach an zwou Posche goufe geklaut. Géint 2 Auer gouf an der Stater Montée de la Pétrusse an zwee Gefierer agebrach. Nodeems bei deem éischten Auto d’Alarmanlag ugaange war, hunn d’Täter et e puer Meter weider an der nämmlechter Strooss bei engem aneren Auto probéiert, wou si och eng Fënster ageschloen hunn.
An der Avenue Monterey waren e Samschdeg den Owend och Déif ënnerwee. Géint 18.40 Auer gouf engem Mann do seng Halskette geklaut. Dräi Männer waren do virdru bei d’Affer komm an hunn et ugedanzt, wier de Mann an den Hals geschloen a seng Kette geklaut krut. Déi dräi Täter hu sech doropshin a Richtung vum Aldringer duerch d’Bascht gemaach. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet, mellt d’Police.
An de leschte Stonne goufen d’Beamten dann och nach eng 20 Mol wéinst Streidereien an den Asaz geruff. An dräi Fäll gouf am Kader vun haislecher Gewalt vum Parquet d’Wegweisung vun enger bedeelegter Persoun ordonéiert. An zwee weidere Fäll koum eng Persoun no enger medezinescher Ënnersichung an de Passagearrest, well si seng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet.