Police warntAbriecher op der Flucht - keng Leit am Raum Waarken mathuelen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien ass géint 4.40 Auer zu Waarken an der Cité Warkdall an een Haus agebrach ginn.

Wéi d’Police mellt, soll den Abriecher duerno zu Fouss duerch de Bësch a Richtung Bierden fortgelaf sinn.

De presuméierten Täter soll tëscht 25 an 30 Joer al sinn, 1,80 Meter grouss a schlank sinn, schwaarz ugedoe sinn, schwaarz kuerz Hoer hunn, déi op d’Säit gekämmt sinn, a Franséisch schwätzen.

Et gëtt nach ëmmer nom Mann gesicht, esou dass d’Police den Appell mécht, fir am Raum Ettelbréck, Waarken, Bierden kee mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen direkt um 113 oder bei der Police vun Dikrech ënnert der Nummer 244801000 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO