Police deelt matAbriecher zu Heeschdref festgeholl, Mandat d'arrêt am Garer Quartier ausgefouert

RTL Lëtzebuerg
Direkt zwou Persoune goufen en Dënschdeg vun der Police festgeholl.

Am Dënschdegnomëtteg war en Abroch an en Haus an der Rue de Mullendorf zu Heeschdref gemellt ginn. Eng Patrull koum op d’Plaz a konnt e Mann am Haus untreffen. Bei dësem goufe Saachen, déi geklaut goufen, séchergestallt. De Parquet gouf informéiert an de Verdächtege gouf festgeholl.

Da mellt d’Police nach, datt den Haftbefeel ausgefouert gouf. Am Garer Quartier an der Stad hunn d’Beamten e Mann kontrolléiert, dee vun der Justiz gesicht gouf. No engem Rendez-vous beim Dokter koum de Mann an de Prisong op den Uerschterhaff.

Back to Top
CIM LOGO