Iwwert de WeekendAbroch zu Mäerzeg, Déifstall zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
D'Police deelt an hirem Bulletin mat, dass et tëscht dem Samschdeg an e Méindeg zwee Mol zu engem Abroch komm ass.
© RTL

Zu Mäerzeg huet en Awunner um Sonndeg géint 18.20 Auer friem Stëmmen a sengem Haus héieren, nodeems hie säin Auto an der Garage geparkt hat an erausgeklomme war. Doropshin huet hien direkt den 113 gewielt. D’Police huet dat ganzt Haus duerchsicht, konnt awer keng Abriecher fannen. Onbekannter haten eng Fënster opgebrach a verschidde Schief duerchsicht. Wéi si bemierkt hunn, dass de Mann heem komm wier, si si duerch en Niewenausgank fortgelaf. Mat Hëllef vun den Hënn vun der Police gouf eng Sich lancéiert, allerdéngs ouni Erfolleg.

An der Rue du Commerce zu Diddeleng goufen tëscht dem Samschdeg géint 18 Auer an dem Sonndeg géint 19.50 Auer zwee Vëloen aus engem Keller geklaut. D’Abriecher hätten eng Dier am Keller opgebrach.

Um Sonndeg géint 17 Auer war eng Patrull vun der Police an der Rue de Strasbourg an der Stad op en Drogendeal tëscht dräi Persounen opmierksam ginn. Bei engem Mann gouf eng gréisser Quantitéit Droge fonnt, hie gouf festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO