Op eise StroossenAccident mat 3 Gefierer op der B7, Persoun ugestouss zu Gaasperech
RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 15.10 Auer koum et op der B7 bei Ierpeldeng a Richtung Ettelbréck zu enger Kollisioun mat dräi Gefierer.
Update: 08.12.2025 13:52
Zwou Persoune goufe verwonnt, mellt de CGDIS. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz. Gutt 20 Minutte méi spéit ass zu Gaasperech an der Rue Christophe Plantin eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt ginn.