A13 Suessem Richtung Rond-point BiffAccident mat 5 Gefierer - 2 Persoune blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Accident an dat direkt 5 Gefierer verwéckelt waren, gouf et e Mëttwoch géint 19.30 Auer op der A13, kuerz hannert der Sortie Suessem.
© CGDIS

2 Persoune goufe blesséiert an d’Opraumaarbechten hunn derzou gefouert, dass d’Autobunn a Richtung Péiteng eng Zäit laang komplett hat musse gespaart ginn.

Tëscht Selz an Tandel ass um Donneschdegmoie géint 2 Auer dann en Automobilist an e Bam gerannt. Hei war de Samu-Noutdokter ënnert anerem gefuerdert. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO