
Op der A1 hat et am spéiden Nomëtteg bannent enger Stonn zweemol gerabbelt: Emol um 17.55 Auer, wéi zwee Autoen aneneegerannt sinn an eng gutt Stonn méi spéit wéi et zu enger Kollisioun tëscht méi Autoe komm ass, woubäi och eng Persoun blesséiert gouf. Eng genee Zuel vun involvéierte Gefierer an dësem zweeten Accident gëtt net preziséiert. Bei der éischter Kollisioun, bei där et keng Blesséierter gouf, waren d’Rettungsekippen aus der Stad a vum Findel am Asaz, bei der zweeter déi aus der Stad a vun Hesper.
Kuerz no 18 Auer gouf et op der N7 bei Maarnech a Richtung Fëschbech en Accident mat zwee Autoen, blesséiert gouf hei awer keen. D’Klierfer Rettungsekippe waren am Asaz.
Um 20.24 Auer dann en Accident an der Haaptstrooss zu Sandweiler, hei ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Secouriste vu Sandweiler an nees aus der Stad.
Am spéiden Owend, géint 23.30 Auer louch dann op der N14 bei Dikrech an Direktioun Steeën en Auto op der Kopp. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn, se gouf versuergt vun den Asazekippen aus der Nordstad.