
Zu Bartreng an der Rue des Merovingiens huet eng elektresch Camionnette gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt.
Zu Monnerech krute sech 2 Gefierer an der Grand-Rue ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.
Eng Persoun gouf verwonnt, wéi op der RN131 tëscht Esch a Bieles en Auto an e Cyclist net laanschtenee komm sinn.
Da gouf et nach 1 Blesséierten op der Gaaschtmillen. Hei krut e Gefier e Bam ze paken.