Déifstall mat GewaltAffer gouf geschloen, vum Hond gebass a krut den Handy geklaut

RTL Lëtzebuerg
Zu Schëffleng koum et e Méindeg den Owend géint 20.20 Auer zu engem gewalttätegen Déifstall, bei deem e Jugendlechen d'Affer war.
© RTL Archiv

D’Affer gouf am Gesiicht blesséiert a gouf ënnert anerem an d’Bee gebass.

Hannert dem Gemengenhaus gouf de Jugendleche vu 6 jonke Männer attackéiert a gouf geschloen. En Hond, dee bei de Männer dobäi war, huet d’Affer dann och nach an d’Bee gebass.

Nodeems d’Ugräifer den Handy vum Affer geklaut huet, sinn dës fortgelaf a konnte vun der Police och net méi ugetraff ginn.

Nodeems d’Affer vun de Rettungsekippe versuergt gouf, koum dëst fir weider Behandlungen an d’Spidol. D’Beamten hunn eng Plainte säitens dem Affer entgéint geholl, Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO