PoliceAggressiv Persoune festgeholl an e puer alkoholiséiert Chauffere gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hu sech e puer Persounen en Donneschdeg, respektiv an der Nuecht dernieft beholl.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

En Donneschdeg krut d’Police um spéiden Nomëtteg eng Persoun um Boulevard de la Petrusse gemellt, déi Foussgänger belästegt huet. Op der Plaz huet eng Patrull effektiv e Mann ugetraff, dee sech bei der Kontroll immens aggressiv géintiwwer de Beamte beholl huet. Hien huet missen immobiliséiert ginn a koum an Arrest.

Méi spéit um Owend koum et an der Avenue de la Gare an der Stad zu enger Kläpperei, déi eng Policepatrull huet missen opléise goen. Zwee Männer goufen dofir immobiliséiert. Nodeems d’Situatioun opgekläert gouf, koum de staark alkoholiséierte Verursaacher mat op de Policebüro.

An der Nuecht op e Freideg gouf dann nach eng Persoun gemellt, déi ze Fouss matten op der Fuerbunn vu Rëmeleng an Ëtteng (a Frankräich) getrëppelt ass an do Géigestänn géif ronderëm geheien. Den offensichtlech alkoholiséierte Mann gouf vun der Police gestoppt a koum dowéinst dunn och an Arrest.

Alkohol hannert dem Steier

Kuerz virun Hallefnuecht gouf d’Police iwwer en Accident an der Géigend vum Stadion zu Gaasperech informéiert. En Automobilist war an e geparkten Auto geknuppt a war weidergefuer. Eng Patrull huet de Chauffer kuerz drop ugehalen, ma well dësen en Alkoholtest refuséiert huet, krut hien e provisorescht Fuerverbuet.

Zu Iechternach an der Rue Caspar Mathias Spoo gouf e Chauffer kuerz no 2 Auer kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv, de maximal erlaabte Wäert war duebel esou héich. D’Gefier gouf deemno immobiliséiert an de Mann krut e Fuerverbuet.

Enger Patrull ass géint 3 Auer op der N28 bei Sandweiler en Auto opgefall, dee bei engem Busarrêt stoung. Bei der Kontroll huet den Automobilist ausgesot, eng Pann ze hunn, ma d’Polizisten hunn do och en Alkoholgeroch an Uecht geholl. Den uschléissenden Test war positiv. D’Gefier gouf sécher gestallt an de Chauffer krut de Permis ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO