
Am zweeten Trimester vum Joer ass d'Aktivitéit am Artisanat zeréckgaangen, am Kontext vun Inflatioun an engem wirtschaftleche Ralentissement. Um Enn gouf et e Minus vu 5,5 Punkten,
Dat deelt d'Handwerkerkammer mat. Ënner anerem de Bau kënnt nëmme schwéier op d'Been, gëtt festgestallt.
Och d'Inflatioun wier ze spieren. D'Stéit hätten héich Energiekäschten an dowéinst manner Capacitéite fir ze investéieren.
D'Chambre des Métiers hofft iwwerdeems, datt staatlech Mesurë fir d'Demande ze stimuléieren, séier wäerten ëmgesat ginn a wäerte wierken.