
"Si hu keng Gnod verdéngt", esou d’Simone Flammang, Procureur général d’État adjoint. Fir den dräi Ugekloten net d’Héchststrof ze ginn, bräicht et iergendwou Circonstances atténuantes, mee si géif där keng gesinn.
D’Ana, hir Mamm Mariana, där hire Partner Antonio, dee gläichzäiteg eng heemlech Relatioun mat der Ana hat, hunn aus der Vue vum Parquet de Mord um Pedro zesumme geplangt an duerchgefouert.
De Pedro war der Ana hire Liewenspartner, deen och hiert klengt Meedchen adoptéiert hat. An der Summervakanz 2021 huet d’Ana him eng Demande en Mariage gemaach, fir datt se géinge prosten. Sou krut de Pedro als éischt onbewosst Gëft géint de Kartoffelkäfer ze drénken a gouf doropshin an e Floss gehäit, wou en erdronk ass.
Och fënnef Joer no der Dot géif kee verstoen, firwat de Pedro hätt misse stierwen. De Crime wier weiderhi komplett onverständlech, esou d’Simone Flammang an hirem Requisitoire. Wann d’Ana ëss mam Pedro genuch gehat hätt, hätt si sech einfach kënnen trennen. D’Dot wier abscheilech, d’Virgoensweis hannerhälteg a feig.
Fir d’Simone Flammang besteet keen Zweifel drun, datt den "infernaleschen Trio" aus Duechter, Mamm an Amant iwwer Wochen a Méint am Viraus de Mord geplangt huet.
Am Mäerz 2021 hat d’Ana dem Pedro schonn emol Laxative ginn, fir datt et him soll schlecht ginn, an hien op der Aarbecht vun der Stee an d’Déift sollt falen. Doriwwer hu Mamm an Duechter sech echangéiert – ouni datt d’Mariana iwwerrascht gewiescht wär.
Den Antonio huet am Internet no méigleche Gëfter gesicht an d’Mariana hat schliisslech d’Iddi den Insektizid ze benotzen. Deemno hätten si hei zu Lëtzebuerg déi Association de malfaiteurs constituéiert, déi de Mord dono zesummen a Portugal duerchgefouert hätt. Si wieren alleguer Lëtzebuerger Residenten an hätten e Lëtzebuerger Resident doutgemaach. Doduerch hätt dat Lëtzebuerger Geriicht och déi territorial Kompetenz, fir iwwert si ze jugéieren.
All d’Nimm an dësem Reportage goufe geännert. De Prozess geet e Méinden nach virun.