Fir de finnesche President Alexander Stubb war seng Staatsvisitt zu Lëtzebuerg och e Retour an e Land, dat hie gutt kennt. Am Gespréich mat RTL um zweeten Dag vun der Visitt huet hien erkläert, de Besuch wier fir hie souwuel nostalgesch wéi och beweegend.
De Stubb huet vun 2017 bis 2020 zu Lëtzebuerg gelieft, wéi hie bei der Europäescher Investitiounsbank geschafft huet.
"Et ass nostalgesch an et ass schéin", sou de finnesche President. Bei senge Moiesleef wier hien duerch Géigende komm, déi hien nach vu fréier kennt.
Och den Empfang vun der groussherzoglecher Famill an der Regierung wier eng Éier.
Den Alexander Stubb huet sech och drun erënnert, datt hie wärend senger Zäit zu Lëtzebuerg vill mam Vëlo duerch d'Land gefuer ass. Eppes huet him duerfir bei dëser Visitt gefeelt: d'Geleeënheet, mam Fränk Schleck fueren ze goen.
Dat géif hie gär bei engem nächste Retour nohuelen.
Hien huet Lëtzebuerg als "eent vun de schéinsten an eigentlech beschte Länner op der Welt" beschriwwen an dobäi besonnesch de moderne Charakter vum Land ervirgehuewen. Nieft senge perséinlechen Erënnerungen huet hien awer och d'Roll vu Lëtzebuerg an der Welt betount.
"Dir waart ëmmer e Symbol vu Stabilitéit an Europa", sot hien. "An Europa brauche mir Länner wéi Lëtzebuerg."
Fir den Alexander Stubb sinn déi gemeinsam Wäerter d'Basis vun de Relatiounen tëscht Finnland a Lëtzebuerg. Béid Länner géifen international Institutiounen, Reegelen an Normen am Kader vun der Europäescher Unioun, der NATO an de Vereenten Natioune verdeedegen.
No 105 Joer diplomatesche Relatioune wieren déi zwee Länner sech esou no wéi nach ni, sot de finnesche President.
Dës Relatioun baséiert och op perséinleche Kontakter. Op seng reegelméisseg Gespréicher mam Premier Luc Frieden ugeschwat, huet den Alexander Stubb erkläert, datt modern Diplomatie ëmmer méi iwwer Message-Servicer leeft. Dat géif et de Staats- a Regierungscheffen erlaben, wichteg Theemen direkt mateneen ze beschwätzen.
Nieft der politescher Zesummenaarbecht gesäit hien och bei der Weltraum-Technologie an am Beräich vum Quantum Computing interessant Méiglechkeeten, fir eng méi enk Kooperatioun.
Virun enger geplangter Visitt am Sëtz vun SES huet den Alexander Stubb op d'Chancë vun enger Weltraum-Industrie higewisen, déi méi séier, méi bëlleg a méi flexibel gëtt. Finnesch Satellitte-Betriber an de schonn etabléierte Lëtzebuerger Weltraum-Secteur kéinte senger Meenung no bei militäreschen an zivillen Uwendungen, grad ewéi bei Technologien, déi fir béid Zwecker agesat kënne ginn, zesummeschaffen.
"Ech mengen, mir hunn e kompetitive Virdeel, well mir séier a flexibel sinn", sot hien.
Zesummenaarbecht a Konkurrenz kéinten dobäi koexistéieren. Fir den Alexander Stubb ass dat eng gesond Kombinatioun.
Op d'Fro ugeschwat, ob Lëtzebuerg d'Weltraum-Haaptstad vun Europa kéint ginn, huet hien dës Ambitioun begréisst an eng Ausso aus senger Ried um Galaowend den Owend virdrun nach eng Kéier opgegraff.
"Finnland a Lëtzebuerg, mir sinn zwee kleng Länner – wa mir also schonn net d'Weltherrschaft erreechen, da kënne mir vläicht awer zesummen d'Weltraum-Herrschaft erreechen", sou de President mat engem Laachen.
Fir den Alexander Stubb kënne kleng Länner duerch Informatioun, Bezéiungen a gemeinsaamt Handelen Afloss ausüben. Hien huet dobäi op seng Ried an déi vum Grand-Duc Guillaume bei de Vereenten Natiounen an der Woch virdrun zeréckgekuckt.
D'Messagen iwwer Vertrauen, Multilateralismus a fundamental Rechter wiere sech dobäi esou änlech gewiescht, datt deen een och bal d'Ried vun deem aneren hätt kënnen halen.
Finnland a Lëtzebuerg géife Wäerter deelen an hätten a ville Beräicher änlech Interessen, eleng awer nëmme limitéiert Méiglechkeeten, fir Afloss auszeüben. D'EU an d'NATO wieren dofir déi wichtegst Instrumenter, fir op international Affären anzewierken.
Bei de Vereenten Natioune leet den Alexander Stubb besonnesche Wäert op d'Kontakter, déi ronderëm déi offiziell Rendez-vouse geknäppt ginn. A fënnef Deeg hätt hien u méi wéi 50 Reuniounen, Rieden oder Interviewen deelgeholl, dorënner och Gespréicher mat Vertrieder aus dem globale Süden.
"Um Enn vum Dag geet et ëm Networking", huet hien ënnerstrach.
Am Zesummenhang mam Krich an der Ukrain huet den Alexander Stubb argumentéiert, datt Russland seng zentral strategesch Ziler net erreecht hätt: D'Ukrain wier méi no un Europa, d'NATO wier mat Finnland a Schweden méi grouss ginn an d'EU wier vereent bliwwen.
Als direkt Prioritéite fir déi weider Ënnerstëtzung vu Kiew huet hien d'Loftofwier, d'Energie-Infrastruktur an d'Finanzéierung genannt. Donieft misst den Drock duerch Sanktioune géint Russland bäibehale ginn.
Gläichzäiteg misst dësen Drock awer och Raum fir Diplomatie loossen. Den Alexander Stubb sot, Europa géif den Ament ënnert engem amerikaneschen Diplomate-Schierm agéieren. Hie selwer wier all Woch a Kontakt mat US-Negociateuren a bal all Dag mat Ukrainer.
"Ech mengen, iergendwa musse mir an Europa dës mental Spär opmaachen a verstoen, datt et net funktionéiert, einfach op de Mute-Knäppchen ze drécken", sot hien.
Eng méi staark europäesch diplomatesch Bedeelegung am Kontakt mat Moskau misst awer d'Zoustëmmung vun der Ukrain hunn a vu Kiew als nëtzlech ugesi ginn. Den Alexander Stubb sot, hien hätt Signaler kritt, datt d'Ukrain sech eng méi aktiv Roll vun den Europäer géif wënschen.
Hien huet och argumentéiert, datt d'Konflikter an der Ukrain an am Noen Osten zesummenhänken. D'USA hätten deemno en Interessi drun, enk Allianze mat den Europäer bäizebehalen.
Wat seng eege Relatioun mam US-President Donald Trump ugeet, huet de finnesche President virum Iwwerschätze vu sengem dacks theematiséierten Afloss gewarnt. Wann hien och nëmme bei engem vun 10 Theemen eppes beweege kéint, wier dat derwäert, huet hien erkläert.
"An der Diplomatie ass et entscheedend, datt een an der Ëffentlechkeet diplomatesch ass an dann am Privaten direkt ka sinn", huet de finnesche President ofschléissend gesot.