Emol d’Roll vum Riichter oder Affekot iwwerhuelen, op deene Plaze sëtzen, wou normalerweis de Procureur d’Etat sëtzt, a Froen am Geriichtssall stellen. Fir d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.2 stoung um Mëttwoch en éischter ongewéinleche Schouldag um Programm.
Am Virfeld vum internationale Kannerrechtsdag den 20. November haten den Zentrum fir politesch Bildung an d’Justiz fir de speziellen Atelier YOUstice an d’Cité judiciaire invitéiert.
A Gruppenaarbechten a bei Diskussiounen am direkten Austausch mat Experte kruten d’Kanner en Abléck an de Fonctionnement vun der Justiz. Si konnten ënner anerem der Procureur général d’Etat adjoint Simone Flammang an dem Kanneraffekot Sam Pletsch hir Froe stellen.
Fir d’Simone Flammang ass et wichteg, scho fréizäiteg unzesetzen, fir de Kanner ze vermëttelen, wéi Demokratie funktionéiert a wéi eng Roll d’Justiz an engem Rechtsstaat spillt. Gläichzäiteg wier et och fir d’Vertrieder vun der Justiz intressant, hir Aarbecht emol aus der Perspektiv vun de Kanner ze gesinn.
Zënter 2021 gëtt den Atelier YOUstice all Woch an der Stad oder zu Dikrech organiséiert. Ronn 1.200 Kanner a Jugendlecher huelen all Joer drun Deel. Eemol d’Joer stinn dobäi speziell d’Kannerrechter am Mëttelpunkt.
Och wann d’Kanner d’Roben um Enn vum Atelier hu missen ausdoen, hu si dach eppes mat heem geholl. Nämlech d’Wëssen, datt och si Rechter hunn an datt et Leit ginn, déi sech fir hir Rechter asetzen.