
Zu Ettelbréck gouf e Freideg den Owend géint 21 Auer am Kader vun enger allgemenger Verkéierskontroll een Auto kontrolléiert, bei deem et direkt eng Rei Opfällegkeete gouf. Den Auto war net richteg ugemellt an de Chauffer hat och keng gülteg Versécherungspabeieren derbäi. Bei enger Kontroll vum Auto hunn d’Beamten dann och nach eng kleng Quantitéit un Drogen an Drogenutensilie fonnt. Et gouf eng Plainte gemaach an den Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.
Géint 15 Auer gouf der Police och nach een Accident zu Suessem gemellt. Ee Motorradschauffer war mat senger Maschinn an engem Rondpoint gefall an huet liicht blesséiert an d’Spidol misse bruecht ginn. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt d’Versécherung vum Motorrad zanter e puer Méint ofgelaf war. Op Uerder vum Parquet gouf d’Gefier doropshi saiséiert.
D’Police mellt e Samschdeg dann och nach eng Rei Accidenter, déi am Zesummenhang mat Alkoholkonsum stoungen. Ëm kuerz viru Mëtternuecht vum Freideg den Owend gouf der Police een Accident op der A4 op der Héicht vun der A13 gemellt. Blesséiert gouf glécklecherweis keen, ma ee vun den zwee involvéierte Chaufferen hat ze déif an d’Glas gekuckt. Hie krut säi Fürerschäin ofgeholl.
Op der nämmlechter Streck gouf der Police géint 1.40 Auer dann nach ee Fall vu Farerflucht gemellt, dat no engem Accident op der A4 a Richtung vun der A13. D’Police huet den Auto méi spéit zu Schëffleng erëmfonnt, ma déi zwou Persounen, déi am Auto souzen, waren net méi do. Si konnte méi spéit zu Schëffleng erëmfonnt a kontrolléiert ginn. Och hei hat de Chauffer gedronk, esou datt säi Fürerschäin agezu gouf. Et gouf eng Plainte gemaach.
E Samschdeg de Moie gouf et nach emol zwee Virfäll: Géint 5.10 Auer konnt eng Patrull zu Esch engem Auto nokucken, wéi deen op der Héicht vun der Rue de la Libération an dem Boulevard John F. Kennedy géint d’Virfaartsreegele verstouss huet. Eng Kontroll huet gewisen, datt de Chauffer gedronk hat, esou datt och hie säi Permis misst ofginn an eng Plainte gemaach krut.
Ëm 6.30 Auer war dann nach op der Route d’Arlon zu Mamer een Auto ze séier ënnerwee. Eng Policepatrull konnt beim Chauffer ee positiven Alkoholtest maachen, esou datt hien ee Fuerverbuet ausgesprach krut.